Déi zwou gréissten Erausfuerderunge si fir d’Lëtzebuerger Residenten de Logement an d’Inflatioun, dat huet de rezentsten Eurobarometer vum Wanter 2022 erginn. De Klimawandel huet et op Plaz 3 gepackt. Déi jonk Leit sinn awer am optimisteschsten, dass d’ekonomesch Situatioun sech an der EU verbessere wäert.

D’allgemengt Vertrauen an d’EU hätt iwwerdeems gelidden, esou den Tommy Klein vum TNS-Ilres. Nëmmen 43 Prozent hunn deemno uginn, dass si Vertrauen an d’Unioun hätten, dat warscheinlech wéinst der Pandemie-Gestioun vun deenen eenzele Memberstaaten. Trotzdeem wier dëse Vertrauensverloscht ze relativéieren, 93 % vun de Leit wiere beispillsweis fir fräi Zirkulatioun an der EU, iwwer 70% géinge sech attachéiert un d’EU fillen an iwwer 65% géinge soen, dass Lëtzebuerg net besser dru wier ouni d’Unioun.
Grad déi Jonk Alterstranche tëscht 15 a 24 Joer wier vis-à-vis vun der EU am positiivsten agestallt, esou d’Anne Calteux, Vertriederin vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg.
Den Eurobarometer ass e wichtegt Instrument, fir de Bols bei de Residenten ze huelen, an d’EU géing u Mesurë schaffen, fir aktuell Krise wéi den héijen Energiepräisser entgéintzewierken.
Den Eurobarometer gëtt 2 Mol am Joer erhuewen. Déi neisten Zuele sinn aus dem Februar 2022 kuerz virun der russescher Invasioun an der Ukrain. Wéi d’Avise par Rapport zum Thema Immigratioun evoluéieren, bleift deemno ofzewaarden.

Ma de Barometer hätt och gewisen, dass d’Leit zu Lëtzebuerg hannert de Valeure vun der EU stéingen a fannen, dass d’Interête vu Lëtzebuerg gutt vertruede géinge ginn.