
Well véier vun de frëschgebakene Ministere virdru Buergermeeschter waren, ginn nei Gemengepappe respektiv Gemengemamme gebraucht. Dat ass beispillsweis zu Gréiwemaacher an zu Schieren de Fall.
Zwielef Joer laang stoung den CSV-Mann Léon Gloden un der Spëtzt vu Gréiwemaacher. Ma well hie mëttlerweil Minister vun den Affaires intérieures ass, dierft de Gemengerot den 1. Dezember seng Parteikolleegin a Schäffin Monique Hermes zur éischter Buergermeeschtesch an der Geschicht vun der Muselmetropol wielen. Si wier immens houfreg an et wier hir eng Éier, Gréiwemaacher ze déngen. Ob déi 73 Joer al pensionéiert Joffer d’Mandatsperiod ganz fäerdeg mécht, wäert virun allem vun engem Facteur ofhänken.
“Ech soen iwwerall an ech halen drop, ech maache mat an ech zéien duerch, sou laang wéi meng Gesondheet dat duerhält. Mat senger Gesondheet spillt een net, ech sinn de Moment ganz gutt drop, mee sou laang wéi meng Gesondheet dat duerhält.”
An de Schäfferot géing dee Moment d’Liane Felten noréckelen, déi genee wéi de grénge Schäffe Marc Krier vum Monique Hermes ënnerriicht gouf. Nei an de Gemengerot kéim iwwerdeems de Marc Ury.
Datt den net grad 30 Joer jonke Schierener Buergermeeschter Eric Thill zu Minister-Éiere géing kommen, hate wuel déi Mannst geduecht. Ma elo ass hie fir d’Kultur an zum Deel den Tourismus responsabel. Den 29. November wäert den 1. Schäffe Jean-Paul Zeimes, deen am Juni déi zweetmeeschte Stëmme kritt hat, säin Hutt an de Rank werfen. Hie plädéiert derfir, datt deen Nächstgewielten an de Schäfferot noréckele soll, dat wier de Kevin Duarte. Ob an der Majorzgemeng Komplementarwalen organiséiert solle ginn, do wëllt de Jean-Paul Zeimes sech nach net festleeën.
“Ech sinn op fir dat engt a fir dat anert. Et gi Virdeeler soen ech lo mol fir ëmmer zu néng ze sinn, wann awer lo zum Beispill, déi Ekipp déi lo en place ass, seet hei voilà mir kënnen eis virstelle fir och sou weider ze funktionéieren, sinn ech dee Leschten, deen ee Problem domat hätt.”
Sollt ee sech fir Komplementarwalen decidéieren, kéinten dës, och aus Käschtegrënn, parallel zu den Europawalen den 9. Juni organiséiert ginn. Wat d’Nordstadfusioun ugeet, weist sech de Jean-Paul Zeimes oppen, et misst een de Bierger awer konkret Projeten presentéieren.