Wale vum Syvicol-ComitéGremium nach net komplett - Iwwergangsléisung bis Mëtt Dezember

Marc Hoscheid
Den 31. Oktober hunn d'Membere vum Gemengesyndikat en neie Comité bestëmmt. Dëse besteet u sech aus 18 Gemenge-Vertrieder, aktuell feelt awer nach een.

De Comité vum Gemengesyndikat Syvicol besteet aus 18 Vertrieder, déi jeeweils an enger regionaler Grupp, zu där ëmmer e puer Gemenge gehéieren, gewielt goufen. Eenzeg Ausnam d’Grupp 1.4, zu där just d’Stad Lëtzebuerg gehéiert an dowéinst d’office ee Member am Comité zegutt huet.

Fir de Moment besteet dësen awer nëmmen aus 17 Vertrieder, well de Grupp 3.2 nach net gewielt huet. Zu dësem gehéieren d’Gemenge Beefort a Bäerdref, wou d’Gemengewale réischt den 8. Oktober ofgehale goufen. An der Majorzgemeng Bäerdref war dat de Fall, well ee vun de Kandidate virun de Wale vum 11. Juni verstuerwe war. Am Fall vun der Proporzgemeng Beefort hat d’Verwaltungsgeriicht d’Resultat vun de Wale gekippt, well ee vun de Kandidaten net hätt dierfen untrieden. Haut e Mëttwoch kommen déi zwee nei Gemengeréit eng éischte Kéier no de Wale beieneen a wäerten hire potenzielle Syvicol-Vertrieder nominéieren. D’Resultat aus dem Grupp 3.2 wäert wuel géint Mëtt Dezember virleien. Bis dohinner assuréiert den aktuelle Büro ënnert der Leedung vum President Emile Eicher den Interim.

Vun deene scho bekannte 17 Comitésmembere sinn der 8 nei. Et sinn dat de Jacques Bauer (Schäffen zu Nidderaanwen), d’Martine Cognioul-Loos (Conseillère zu Gréiwemaacher), de Rajesh Etgen (Conseiller zu Feelen), den Tim Karius (Buergermeeschter vu Lenneng), d’Chantal Kauffmann (Schäffin zu Wolz), de Guy Altmeisch (Buergermeeschter vun Déifferdeng), d’Simone Asselborn-Bintz (Buergermeeschtesch vu Suessem) an de Claude Clemes (Conseiller zu Monnerech).

Weider am Comité bleiwen den Emile Eicher (Schäffen zu Clierf), de Paul Engel (Buergermeeschter vu Groussbus-Wal), de Serge Hoffmann (Buergermeeschter vun Habscht), de Michel Malherbe (Buergermeeschter vu Miersch), d’Annie Nickels-Theis (Buergermeeschtesch vu Buerschent), den Nico Wagener (Conseiller zu Parc Housen), de Guy Wester (Schäffen zu Hesper), den Dan Biancalana (Buergermeeschter vun Diddeleng) an d’Lydie Polfer (Buergermeeschtesch vu Lëtzebuerg).

Back to Top
CIM LOGO