Maniff vun Déi LénkGréng an abordabel Energie fir all Menage

Diana Hoffmann
Déi Lénk hunn eng Maniff virum Energieministère op der Place de l’Europe opgeruff.

Hannergrond ass d’Hausse vun den Energiepräisser an Europa. D’Fuerderung vun de Manifestanten: D’Regierung soll dofir suergen, dat all Menage gréng an abordabel Energie kréien. Eng knapp 20 Leit waren dem Opruff nokomm an hunn Plakater a Banner an d’Luucht gehalen.

De Gary Diderich huet dann dräi Punkten opgezielt, wéi Déi Lénk sech wënschen, datt d’Regierung hir Responsabilitéit iwwerhëlt. Och wann d’Präisser fir d’Energie elo schonns ze héich wieren, misste se gedeckelt ginn. Dozou misste Leit mat niddregem a mëttlerem Akommes eng finanziell Hëllef kréien

Bis elo wier den eenzege Virschlag vun der Regierung gewiescht, d’Allocation de Solidarité ëm 200 Euro ze erhéijen, wat awer géing bedeiten, datt d’Leit déi Suen eréischt nom Wanter um Konto hätten. Datt kengem géing de Gas oder Stroum ofgedréint ginn, deen net bezilt, wiere da bis elo och just eidel Wierder. D’Regierung misst hei en Urgencegesetz maachen, datt keen en eidele Masuttstank am Wanter wäert hunn.

E weidere Sujet, deen ugeschwat ginn ass, waren d’Primme fir Albausanéierung. Vun dëse géingen den Ament Leit mat Sue profitéieren. Dobäi wier et eng Méiglechkeet fir Persoune mat manner Revenuen, bei enger Energiekris Suen anzespueren.

Nodeems de Journaliste Ried an Äntwert gestane war, huet d’Maniff sech dann no enger knapper hallwer Stonn erëm opgeléist.

Gréng an abordabel Energie fir all Menage
Déi Lénk hunn eng Maniff virum Energieministère op der Place de l’Europe opgeruff.

Back to Top
CIM LOGO