
Am Regierungsrot gouf e Mëttwoch een entspriechenden Text ugeholl, deen de Gesondheetsminister Etienne Schneider proposéiert hat.
Dës HIV-Auto-Diagnostik-Tester kënnen Doheem an aller Diskretioun duerchgefouert ginn, d'Resultat gëtt et ewell no enger hallwer Stonn.
Duerch de Verkaf vun dësen Aids-Tester solle Barrièren eliminéiert ginn, déi eng Diagnostik verhënnert hunn, well Ee vläicht genéiert war, fir en Dokter oder e Labo op ze sichen.
D'Tester kënne vun de betraffene Leit selwer duerchgefouert ginn, ouni Hëllef vun Aneren.
An Däitschland kaschten d'Aids-Tester am fräien Handel am Duerchschnëtt tëscht 20 a 50 Euro.
Och am Ministerrot goufen zwee synthetesch Opioiden op d'Lëscht vun de Rauschmëttel gesat, déi musse kontrolléiert ginn an de Gebrauch entspriechend bestrooft gëtt: d'Substanze sinn analog zum Fentanyl, eng Substanz, déi a Spideeler zousätzlech bei Anästhesien agesat gëtt.
Am Regierungsrot goufen och d'Plazen op den Terrasse vun de fréieren Héichiewen op Esch-Belval definéiert, déi der ASBL Esch2022 zur Verfügung gestallt ginn. En Donneschdeg ginn dës Sitten um Campus vun der Uni.lu offiziell presentéiert.