
De Forum Pentalatéral, eng regional Kooperatioun tëscht 8 Länner, aktuell presidéiert vum Energieminister Claude Turmes, schafft un esou Projeten. Si hu en Dënschdeg de Plang fir déi nächst 10 Joer virgestallt.
De Forum Pentalatéral gouf virun 10 Joer gegrënnt. Et ass eng Zesummenaarbecht am Stroumberäich tëscht de BENELUX Staaten, Frankräich, Däitschland, Éisträich an der Schwäiz. D'Energieminister aus de jeeweilege Länner representéieren 200 Milliounen Awunner a 40% vum europäesche Stroumnetz. De Claude Turmes iwwer d'Virdeeler vun esou enger Organisatioun:
"Mir sinn ee kléngt Land. Wann mir gären e séchert Stroumnetz hunn, wann mir gäre gutt Energiepräisser hunn fir eis Leit, mä awer och fir eis Industrie, wann mir gäre muer mat den Elektroauto'en iwwer d'Grenze fueren a ganz Westeuropa an dat ass gutt organiséiert, gutt koordinéiert, dann ass dat nëmme méiglech, wann ech dat zesumme maache mat menge Kollegen, den Energieministeren aus deene Länner."
Haut hunn si en Plang fir déi nächst 10 Joer festgeluecht. D'Zil ass et zesummen ee bessert, klimaneutraalt, séchert a bezuelbart Energie- a Stroumnetz ze schafen.
"Wei mer ouni Gas, Kohl an Atom an Zukunft kenne funktionéieren, wéi mer eis Stroumnetzer weiderhi sécher hunn, wei mer grénge Waasserstoff zesummen entwéckelen a virun allem och wéi mer grenziwwerschreidend an der Mobilitéit weiderkommen."

Weider soll gekuckt ginn, wéi Finanzmoyene kenne fir energieeffizient Moossnamen a fir erneierbar Energien zur Verfügung gestallt ginn. Am lëschte Punkt huet grad Frankräich nach vill ze schaffen.
"Mir hunn natierlech Streit mat de Fransousen iwwer Cattenom. Wat mir insgesamt méi erneierbar Energien hunn, zu Lëtzebuerg, an Däitschland, an Holland, virun allem och op der Nordsee mat grousse Wandanlagen, wat den Drock op déi franséisch Atomenergie méi grouss gëtt a wat Cattenom éischter ofgeschalt gëtt."
D'Ministere sinn sech eens, dass d'Energiepolitik eng Schlësselfro fir Klimaneutralitéit bis 2050 ass. Dofir well de Forum Pentalatéral nach méi enk zesumme schaffen, souwéi Ressourcen a Wëssen deelen, fir de Stroummaart interregional ze organiséieren an ze verbesseren.