
Fir d’Joer 2021 vu 750 op 15.000 Prozent.
Eng Partie betraffe Bierger haten dogéint geklot an an éischter Instanz Recht kritt. D’Gemeng war hirersäits dogéint an Appell gaangen. Zanter Kuerzem läit d’Urteel vun der Cour administrative vir, an och an zweeter Instanz gouf d’Erhéijung vun der Steier gekippt. Wéi an éischter Instanz bewäerten d’Riichter d’Mesure als onverhältnesméisseg.
An enger Sëtzung vum Dikrecher Gemengerot gouf dowéinst en Donneschdeg eng nei Grondsteier an Héicht vun 1.500 Prozent festgeluecht. D’LSAP-Fraktioun huet iwwerdeems géint deen neien Taux gestëmmt.