Glühwäin, Bûchen, Adventskalenneren awer och Kaddoe gehéieren traditionell dozou.Sou richteg wanterlech gesäit et dobausse jo nach net aus. Ma e bësse Chrëschtdekoratioun a Glühwäin hëllefen, an déi richteg Stëmmung ze kommen. An eng gewësse Virfreed op Chrëschtdag war schonn ze spieren, wéi mir um Stater Chrëschtmaart mam Mikro ënnerwee waren. Ëmmerhin ass et déi éischte Kéier zanter der Pandemie, dass een nees wéi “fréier” feiere kann.
Dobäi riskéieren d’Feierdeeg trotzdeem rëm anescht ze gi wéi soss, vue déi kriddeleg Zäiten, déi mir grad duerchliewen. Den Impakt op d’Akafslaun an domat op d’Geschäftsleit wäert sech an den nächste Woche weisen. Iwwert déi lescht Pandemie-Joren hätt d’Chrëschtdagsgeschäft op alle Fall gelidden, deemools nach wéinst de Restriktiounen, esou d’Enza Fuzio vum Stater Geschäftsverband: “Nom Covid hu mir ons erwaart, dass et rëm gutt gëtt, mee lo hu mer de Krich kritt an Energiekäschten, déi an d’Luucht ginn”. Mat vill Publicitéit a speziellen Aktioune versicht een d’Clienten unzelackelen.
Ma d’Enza Fuzio op d’mannst mécht sech fir dëst Joer nach keng Suergen: “Ech menge schonn, dass d’Leit awer Loscht hunn ze feieren an dat Negatiivt mol bëssen op der Säit ze loossen. Obwuel d’Leit awer och scho soen ‘ok, ech waarde mol of, wa meng Gas-Rechnung kënnt an duerno kafen ech vläicht’. Also si gi sech schonn informéieren, wat alles kascht, se kafen net direkt. Se waarde léiwer. Mee ech denke schonn, dass se dann erëm kommen.”
Och um Chrëschtmaart huet sech deen een oder anere scho Gedanken iwwer d’Fest a Krisenzäite gemaach. Wärend déi eng sech d’Feierdeeg net wëlle verdierwe loossen, profitéieren déi aner fir dat Net-Materiellt an de Virdergrond ze réckelen. Net just de Menü fält deemno wéi méi kleng aus, ma och bei de Kaddoe gëtt plazeweis gespuert. Mee wéi seet ee sou schéin: et ass de Geste, deen zielt.