
D'Vitess war am Fokus vun der Policekontroll e Mëttwoch, ma et gouf och gekuckt, wien den Handy iwwert dem Fuere benotzt huet an ob de Gurt ugeluecht war.
Am Ganze goufen 59 Verstéiss festgestallt, dorënner gouf et 35 Protokoller wéinst Handy um Steier, wat 250 Euro a 4 Punkte kascht; 2 Protokoller well de Gurt net u war, dat kascht 145 Euro an 2 Punkten an 2 Protokoller gouf et nach wéinst ze séierem Fueren. Zwee aner Chauffere waren därmoosse presséiert ënnerwee, dass si nach op der Plaz hire Permis lass waren.
Am Ganze waren zu Housen a um Fridhaff 17 Polizisten am Asaz.