Police mat der DouaneGrouss Verkéierskontroll zu Dippech, 11 Verstéiss géint Code de la Route
Um Mëttwoch de Moie gouf bei der grousser Aktioun vun der Police zesumme mat der Douane 2 Stonne laang kontrolléiert.
An 9 Fäll gouf et en Avertissement Taxé fir d’Automobilisten, well si hir Pabeiere vum Auto net dobäi haten oder hire Permis. Bei engem Gefier war d’Luucht futti an ee Chauffer war op Drogen hanner dem Steier.