Fonds du LogementGroussen Deel vun de Sue vum falsche Kont a Polen konnt recuperéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Op Nofro vun RTL gouf confirméiert, dass de Fong ronn 80 Prozent vun de falsch iwwerwisene Suen zeréckkrut.

Nodeems de Fonds du Logement am Januar dëst Joer ferm beduckst gouf an 850.000 Euro op e falsche Kont a Polen iwwerwise goufen, konnten an Tëschenzäit ronn 675.000 Euro recuperéiert ginn. Dat confirméiert d'Porte-Parole vum Fong op Nofro vun RTL.

Wat de Rescht vun de Suen ugeet, ginn et keng weider Informatiounen. Hei géifen d'Prozedure weider lafen.

Back to Top
CIM LOGO