A well do uerdentlech Schnéi leie bliwwen ass, hu vill Famillje mat Kanner dovu profitéiert, am Schnéi ze spillen, Schlitt ze fueren, Schnéimännercher ze bauen an och d'Hënn duerch déi wäiss Natur lafen ze loossen.
Op Gréiwels hat et esou vill Persoune gezunn, dass d'Parkplaze knapp goufen. Vill Gefierer stounge matzen op der Strooss. Mat der Konsequenz, dass d'Police op d'Plaz geruff gouf a Protokoller verdeelt huet.
Och an Däitschland hu sech nees vill Leit op de Wee a Schi- a Rodelgebitter gemaach. Dat, obwuel d'Autoritéiten ëmmer nees appelléiert hunn, wärend dem Lockdown dorop ze verzichten. D'Police an d'Ordnungsamt waren am Harz an am Sauerland ënnerwee an hunn eng Abberzuel Verstéiss géint d'Corona-Mesurë registréiert. Deels koum et zu Perturbatiounen am Trafic, d'Parkinge waren iwwerfëllt. Dobäi sinn d'Schilifter, Pisten an Hütten nach bis op d'mannst den 10. Januar zou.
Scho moies hat déi däitsch Police op Twitter ugekënnegt gehat, de Weekend iwwer verstäerkt ze kontrolléieren, ob d'Corona-Oploe respektéiert ginn, ënnert anerem den obligatoresche Mond- an Nueseschutz.