Solle Konventioun tëscht AMMD an CNS ersetzenGroussherzoglech Reglementer kéinte géint Legalitéitsprinzip verstoussen

Michèle Sinner
De Staatsrot seet, datt déi zwee Reglementer e puer Punkten enthalen, déi misste gesetzlech verankert sinn.
De Staatsrot huet eng Aschätzung zu de groussherzogleche Reglementer ginn, déi d'Konventioun tëscht AMMD an CNS sollen ersetzen.
© RTL-Archiv

De Staatsrot ass der Meenung, datt d'groussherzoglech Reglementer, déi d’Konventioun tëscht der Gesondheetskeess CNS an der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD sollen ersetzen, op enger Rei Punkte riskéieren, géint de Legalitéitsprinzip ze verstoussen. Dat allerdéngs net op deene Punkten, déi am Virfeld diskutéiert gi waren.

Esou äussert sech de Staatsrot net zu de Supplemente fir déi éischt Klass, obschonns d’Gesondheetsministerin Martine Deprez dem Tageblatt am August gesot hat, hir Juristen hätten dofir keng gesetzlech Basis fonnt.

Ma de Staatsrot seet, datt an deenen zwee Reglementer e puer Punkte sinn, déi eng gesetzlech Basis bräichten, an op deenen also de Code de la sécurité sociale misst nogebessert ginn. Dat betrëfft zum Beispill d’Validitéit vun den Ordonnancen, d’Limitt op de Krankeschäiner, déi dierfen ausgestallt ginn, an d’Verbuet, fir Honorairen ze berechnen, ier eng medezinesch Leeschtung geleescht gouf.

Déi Gréng hu gefuerdert, datt d'Santéskommissioun vun der Chamber bei hir nächster Réunioun iwwert d’Reglementer schwätzt a wéi eng Etappen ze huele sinn, am Dossier Konventioun tëscht CNS an AMMD.

Back to Top
CIM LOGO