Invité vun der Redaktioun (23. Mäerz)Guill Kaempff: 2016 war e schwéiert Joer fir d'Geschäftsleit

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun en Donneschden de Moie géint 10 op 8 war de President vun der Stater Union Commerciale, de Guill Kaempff.
Invité vun der Redaktioun: Guill Kaempff (23. Mäerz)
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie géint 10 op 8 war de President vun der Stater Union Commerciale, de Guill Kaempff.

2016 war e schwieregt Joer fir d'Stad. Vill Problemer goufen et mam Zougang, wéinst de Schantercher. Do muss een duerch, sou de President vun der Stader Union Commerciale, Guill Kaempff am RTL-Interview. De Parking-Problem hätt en dogéint lues awer sécher am Grëff, spéitstens wann de Royal Hamilius mat enge 600 Parkplazen opgeet.

Frou ass de Stater Geschäftsverband natierlech, datt een eng Derogatioun krut fir d'Butteker, vun Abrëll bis November, och Sonndes opzemaachen. Och wann ee souwuel d'Commerçanten, wéi och d'Clienten nach dorunner muss winnen, sou den Invité vun der Redaktioun weider.

En plus gëtt jo dru geschafft, datt d'Stad de Statut vun der „Ville Touristique“ kritt, deen Ament si keng Derogatioune méi néideg, sou de Guill Kampff. E weidere Wonsch ass nach, fir speziell an de Summerméint bis 19 Auer Owes kënnen opzebleiwen.

Géint déi vill deier Butteker an der Uewerstad kann een net vill maachen, et sinn eben déi Marken, déi sech déi héich Loyere kënne leeschten. Ma, a Saache Frëndlechkeet a Sprooch, kann ee sech awer nach verbesseren an an deem Kontext soll e Qualitéitslabel ausgeschafft ginn.

Wat de Problem vun den organiséierten Heescherten ugeet, do bleift den Guill Kaempff derbäi, datt nëmmen de Plazverweis wierklech kann hëllefen.

Invité vun der Redaktioun en Donneschden de Moie géint 10 op 8 war de President vun der Stater Union Commerciale, de Guill Kaempff.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO