Bilan RecolteGutt Fortschrëtter beim Lëtzebuerger Uebst- a Geméisubau

RTL Lëtzebuerg
De Summer dëst Joer war aussergewéinlech. Vill Uebstbauere beschreiwen d'Saison als Fluch a Seegen an engems.

Mir ware bei en Uebstbauer nofroen, wéi et mam Uebstubau zu Lëtzebuerg ausgesäit.

Geméis- an Uebstubau / Reportage Chris Meisch

Äppel a Biere soll ee jo fir gewéinlech net matenee vergläichen, se zesummen ubauen, geet awer ganz gutt. Sou gesäit et op d’mannst beim Uebstbauer um Pretemer Haff aus. Hei gëtt vun Äppel bis Quetschen eng ganz Palette un Uebst a Geméis ugebaut. Wéi gutt den Ertrag an d’Qualitéit vum Uebst a Geméis ass, hänkt staark vun de Wiederkonditiounen an der Infrastruktur of. Den Nico Hoffmann, dee sech 2003 an d’Uebst- an d’Geméisproduktioun lancéiert huet:

“Dat ass ee ganz duerchwuessene Bilan elo beim Uebstbau. D’Kiischten, déi ware gutt, Quetschen a Mirabellen ass och gaangen, Bieren ass manner, mä d’Äppel, ech schwätzen elo hei vum Betrib, ass eng ganz gutt Qualitéit an et ass och genuch Ertrag do.”

Uebstbeem brauchen e gudde Buedem, mä och d’Wieder muss natierlech matspillen. Falls dat net de Fall ass, kann ee sech och nach mat anere Mëttel hëllefen, wéi zum Beispill mat Netzer géint Knëppelsteng. Déi schützen net nëmme géint den Nidderschlag, ma och géint d’Sonn, fir dass d’Uebst kee Sonnebrand kritt. De Franz Joseph Scheuer ass Ubauberoder:

“Also d’Fortschrëtter an deene leschte Joer, Joerzéngte kann ech soen, dat ass einfach enorm. D’Betriber entwéckele sech, maachen eng super Produktioun. Mir hunn top Qualitéiten dëst Joer an den Anlage stoen, déi gesinn ech eigentlech all Joer an den Anlage stoen, well d’Betribsleiter d’Anlage fleegen, well si se heegen, well se Ausdënnung maachen, well se d’Friichte vereenzelen, fir dass duerno an der Këscht fir de Verbraucher eng top Qualitéit gepléckt gëtt.”

Vegetatioun war dëst Joer ganz gënschteg fir den Uebstubau

“Mat Ausnam, dass de Ree vun uewe gefeelt huet, dat ass kompenséiert ginn a Betriber, déi bewässere kënnen duerch dat Waasser ënnen an dem Fouss vum Bam. Wien dat net huet, deen huet ee Problem, also dat war dëst Joer ee wierklechen Problem. Waasser war ee Mangelfaktor, mir hu genau d’Hallschent vum Waasser dëst Joer bis ewell rakrut, wéi mir et am leschte Joer haten.”

Dem Landwirtschaftsminister Claude Haagen no hätt de Lëtzebuerger Uebst- a Geméisubau déi lescht Jore gutt Fortschrëtter gemaach. Betriber, déi ëmstellen, géifen och duerch Initiativen a Subventioune begleet ginn.

Back to Top
CIM LOGO