BGL 2022Gutt Resultater a schwieregem Ëmfeld

Jean-Marc Sturm
Bei der BGL huet d’Assemblée Générale ordinaire d'Konten 2022 guttgeheescht. Ënnert dem Stréch steet en Nettoresultat vu ronn 408 Milliounen Euro.
D'Assemblée Générale vun der BGL
Am Joer 2022 huet d’BGL ënnert dem Stréch en Nettoresultat vu ronn 408 Milliounen € gemaach. D’Bank bezilt Dividenden an Héicht vu 86 Milliounen € aus.

Et ginn 253 Milliounen un Dividenden ausbezuelt, dovunner eppes iwwer 86 Milliounen Euro fir de Lëtzebuerger Staat, deen ee gudden Drëttel vun de Parte bei der Bank huet.

BGL 2022 / Reportage Jean-Marc Sturm

Wann déi meescht vun eis an dësen Zäiten un eng Bank denken, kommen direkt déi héich Zënsen an de Kapp. Sief et well ee schonn e Prêt mat Deels variabelen Zënse lafen huet oder well een e Prêt soll maachen.

Bei neie Kreditter gëtt gezéckt. Doduerch dass d’Zënse méi héich sinn, ass d’Demande erofgaangen.

De Volume ass der Zentralbank no op der Finanzplaz an de leschte Méint ëm 34 Prozent iwwer ee Joer gesi bei de Privatstéit an der Baisse. Dat ass haaptsächlech een Effet vun der Demande, déi méi niddreg ass.

D’europäesch Zentralbank huet an der Lutte géint d’Inflatioun de Leetzëns am zweete Semester zejoert ëm 2,5 Prozentpunkten an dëst Joer nach emol ëm ee Punkt gehéicht, esou de BGL-Chefekonomist a Member vum Exekutivcomité Yves Nosbusch.

“Dat heescht, dat ass kumulativ 3,5 Prozentpunkten zënter leschtem Juli. Mir ginn dervun aus, dass se (EZB n.d.l.r.) se wäert nach zweemol, awer a méi klenge Schrëtt vun 0,25 Prozentpunkten, wäert héije bis de Summer. An da gi mir dervun aus, dass emol eng länger Period kënnt, wou se observéiert a kuckt wat d’Effekter sinn, déi eng Zäit brauchen éier se op d’Realwirtschaft awierken.”

D’Bank ass op d’Entwécklung agestallt, esou d’Presidentin vum Exekutivcomité Béatrice Belorgey. Zur Strategie fir d’Zukunft gehéiert och den Ausbau vun der Digitalisatioun.

“Dans notre plan stratégique, on a des ambitions très importantes. Aujourd’hui on a la moitié de nos offres qui sont accessibles en digital. Notre objectif à la fin du plang en 2025 c’est que 93% sont accessibles en digital.”

Bei der BGL schaffen heiheem iwwer 2.150 Leit.

Zu Beetebuerg, no un der Grenz mat Frankräich an och op der Grenz mat der Belsch sollen deemnächst nei Sitte vun der Bank opgoen. Dat soll de Frontalier-Salariéen an och der Mobilitéit ze gutt kommen.

© Mike Elsen / RTL

D'Schreiwes vun der BGL mat de Resultater vun 2022.

Back to Top
CIM LOGO