Invité vun der Redaktioun (27. Februar)Guy Daleiden: Lëtzebuerg huet e gudden Numm an der Branche

RTL Lëtzebuerg
E Méinden de Moien war de Guy Daleiden, den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong, den Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Guy Daleiden (27. Februar)
E Méinden de Moien war de Guy Daleiden, den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong, den Invité vun der Redaktioun.

3 Joer ass et hir, datt eng Lëtzebuerger Co-Produktioun eng éischte Kéier zu L.A. en Oscar gewonnen huet. Mr Hublot gouf dat Joer an der Kategorie "beschten animéierte Kuerzfilm" ausgezeechent. De Präis war net nëmmen eng Unerkennung bei de Leit, sot e Méinden de Moien den Direkter vum Filmfong, de Guy Daleiden, ma virun allem och am Cinéaste-Milieu. Lëtzebuerg hätt sech en Numm ronderëm déi ganz Welt gemaach. Eist Land wär op d'Weltkaart komm vun der Qualitéit am Beräich Animatioun. Egal ob een an Asien oder an Amerika wär, géifen déi Professionell géife wëssen, datt do e Präis un eng Lëtzebuerger Gesellschaft gaange wär. An et wär och vill méi wéi just e kuerzfristegen Effekt.

Guy Daleiden (1)

Zu Lëtzebuerg schaffen den Ament eng 1.000 Leit an der Filmindustrie.
De Secteur ass an de leschte Joren ëmmer méi grouss ginn. Nei Produktiounsgesellschafte sinn entstanen, ma de Kuch fir déi eenzel Gesellschafte gëtt ëmmer méi kleng, sou de Guy Daleiden.

Déi staatlech Moyene fir de Lëtzebuerger Film, ouni déi de Secteur net iwwerliewe kann, sinn an de leschten 10 Joer nämlech net weider eropgaangen, leien ëm déi 33 Milliounen Euro d'Joer. Fir den Direkter vum Filmfong, kann dat just heeschen, datt ee méi selektiv muss ginn. Respektiv datt fir d'Zukunft méi eng grouss finanziell Ënnerstëtzung gebraucht gëtt.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

E Méinden de Moien war de Guy Daleiden, den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong, den Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO