
4 Leit, 3 Männer an eng Fra, hate sech dowéinst ze veräntweren, ma den Haaptschëllegen, deen an der Tëschenzäit verstuerwene Gerant de fait, huet op der Uklobänk gefeelt.
De Vertrieder vum Parquet huet dat a sengem Requisitoire bedauert, well d'Decisioun, fir eng Enquête ze maachen, wär eenzeg an eleng wéinst deem Mann geholl ginn. Deen hätt an de just 11 Méint Existenz vun der Firma 4 Cheffen agesat an d'Firma iwwer 1.000 Euro den Dag verluer. Dofir sollten d'Ugeklote mat Geldstrofen dovukommen.
Zu Prisongsstrofe sollt et deemno net kommen, well d'Beschëllegt als Stréifra, respektiv Stréimänner benotzt gi wären. De Gerant de fait wär keen onbeschriwwent Blat gewiescht an ënnert anerem 3 Mol veruerteelt ginn. Dës Firma, déi am Juli 2015 an d'Liewe geruff gouf, hätt bannent 11 Méint e Minus vu ronn 355.000 Euro ugeheeft, sou de Vertrieder vum Parquet.
Um Ufank vun der Sëtzung hat de Curateur vun der Faillite erkläert, dass hien, wéi en am Juni 2016 genannt gouf, op de Sëtz vun der Firma goung. Do hätt et awer mol keng Bréifboîte ginn an eng Persoun, där hie begéint war, hätt näischt vun enger Firma op där Adress gewosst. Vun den Ugekloten hätt hien och nëmmen ee Mann gesinn, deen hätt him gesot, de Mann vun der matugekloter Fra wär u sech de Gerant. De Curateur hat Spure fonnt vu 14 Salariéen, am Ganze wären et der wuel 22 gewiescht. Dës Faillite wär speziell, well et keng Dokumenter gouf. Speziell war och, dass d'Salariéeë mat hirem eegenen Auto a mat eegenem Geschir op d'Chantiere gefuer sinn.
Vun den Ugekloten, déi dono zu Wuert koumen, soten der zwee, si hätten dem Gerant de fait vertraut. Ee vun hinne sot, hie wär erageluecht a vum Gerant un der Nues ronderëm gefouert ginn. Just dee Mann, deen dem Gérant seng Geneemegung sollt ginn, hat relativ séier e Réckzéier gemaach, well trotz Verspriechen näischt geschitt wär. D'Affekote vun de Beschëllegten hunn dann och zweemol de Fräisproch vun hire Cliente gefrot an eng Kéier just eng Geldstrof. Och si hu bedauert, dass de Gerant net méi konnt belaangt ginn. Hir Mandante wäre selwer Affer gewiescht. Eng Vue, déi de Vertrieder vum Parquet gedeelt huet.
De 6. Juni gëtt d'Uerteel gesprach.