Affer gouf menacéiertHandy bei Iwwerfall zu Beetebuerg aus der Hand gerappt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et en Dënschdeg am Nomëtteg zu engem Iwwerfall an der Rue Klensch zu Beetebuerg.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Éischten Informatiounen no gouf d’Affer vum Täter ugeschwat an opgefuerdert, den Handy erauszerécken. Dat huet d’Affer refuséiert, gouf doropshi menacéiert a krut den Handy aus dem Grapp gerappt.

Kengem ass eppes geschitt. Eng direkt ageleete Sichaktioun war negativ an Ermëttlunge goufe lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO