
Dodran ass jo festgehalen, datt de Mindestloun retroaktiv op den 1. Januar 2019 ëm 100 Euro Netto an d'Luucht geet.
Am Dezember zejoert war eng éischt Hausse vun 1,1 Prozent gestëmmt ginn, mam Budget am Abrëll ass e Crédit d'Impôt gestëmmt ginn an dann elo déi Hausse vun 0,9 Prozent en Dënschdeg.
Zesumme maachen déi dräi Mesuren, datt déi 60.000 Leit, déi de Mindestloun verdéngen, 100 Euro Netto méi an der Täsch hunn.
De sozialistesche Rapporter Georges Engel huet ënnerstrach, wéi wichteg dëse Vott ass: "Déi, déi vum soziale Mindestloun musse liewen an déi net vun anere Virdeeler aus Kollektivverträg kënne profitéieren, déi hänke fir eng Opbesserung vun hirem Salaire vun eiser Decisioun hei of, de Mindestloun ze erhéijen. Eis Decisioun huet deemno och eppes mat Dignitéit vis-à-vis vun de Fraen a Männer ze dinn, déi hei zu Lëtzebuerg schaffen a wéi eng Wichtegkeet mer der Aarbecht an der Gesellschaft ginn."
59 Deputéiert sinn dem Appell vum Georges Engel um Enn no komm. Déi liberal Carole Hartmann huet betount, datt déi ganz Hausse vum Mindestloun zu 2/3 vum Staat an zu engem Drëttel vun de Betriber gedroe gëtt: "dat war eis als Demokratesch Partei besonnesch wichteg, fir d'Kompetitivitéit vun eiser Ekonomie net onnéideg ze belaaschten. Jo, mir stinn zu engem héije Mindestloun zu Lëtzebuerg, mä d'DP ass a bleift awer och der Meenung, datt eis Betriber sech dësen héije Mindestloun musse leeschte kënnen."
Déi Lénk huet ausgerechent, datt de Vott de Leit tëschent 18 an 22 Euro méi bréngt an huet, genee wéi d'Piraten, drop higewisen, datt dat alles just eng Drëps op de gliddege Steen ass. Dat géif och eng Rechnung vum Statec weisen, deen zejoert zur Conclusioun koum, datt een hei am Land ronn 2.000 Euro bréicht, fir dezent ze liewen.
De Marc Baum betount: "Dat heescht, datt den Netto-Mindestloun zu Lëtzebuerg eng Differenz zu deem opweist, wat een eigentlech bréicht, vu ronn 250 Euro. An och mat deenen Upassungen, déi d'Regierung dëst Joer gemaach huet, sief et déi traditionell Upassung vum Mindestloun un d'Lounentwécklung, sief et d'Steierreform, wéi och dës strukturell Erhéijung, läit den onqualifizéierte Mindestloun nach ëmmer däitlech ënnert deem, wat de Statec virrechent, wat een zu Lëtzebuerg brauch, fir dezent liewen ze kënnen."
Déi Lénk bleift bei hirer Fuerderung, datt de Mindestloun ëm 10 Prozent soll eropgesat ginn.
Parallel zum Mindestloun gouf och de Montant vum Revis an de Revenu fir Leit mat engem schwéieren Handicap ëm 0,9 Prozent eropgesat.