
Dës Ausso huet d'Generalinspektesch vun der Police um Donneschdeg gemaach, wéi an der zoustänneger Chamberkommissioun de Joresrapport 2018 vun der IGP, der Police vun der Police also, presentéiert gouf. z.B. mécht een als Inspection générale de la police elo all d'administrativ Enquêten, sot d'Monique Stirn. Déi ginn iwwerdeems ganz kloer an d'Luucht. Fir 2019 eleng gëtt et elo scho 35 nei Dossieren.
Ë.a. wär an 38% vun de Fäll en net ugemoossent Verhalen am Service kritiséiert ginn, huet d'IGP-Chefin ervirgehuewen. Wat hiert Personal ugeet, hätten 2015, wéi si op där neier Plaz ugefaangen huet, 17 Leit do geschafft; elo wär een zu 31, ma si kéint sech nach eng 10 Leit méi do virstellen.
Dem Monique Stirn no gëtt et och kee Problem mam Recrutement: Sou hätt et e groussen Andrang an der Police ginn, fir bei d'IGP ze kommen! Zu den Affäre Bouneweg a Lausduer sot d'Police-Generalinspektesch iwwregens kee Wuert.Fir de Minister fir d'bannenzeg Sécherheet ass d'Reform vun der IGP, déi gemaach gouf, eng excellent Reform, am Intressi vum Bierger a vun der Police. Eng onofhängeg Instanz ass eng Garantie fir ee crédibelt Opschaffe vun den Dossieren.
An den Ae vum François Bausch sollt een, wat d'Zuelen ugeet, no engem, zwee Joer kucken - wa bis Enquêten ofgeschloss sinn -, wéi d'Entwécklung ass. D'Police géif als Verwaltung ëmmer méi grouss ginn; dofir wär et net anormal, dass d'IGP och wiisst. D'Méikäschte wäre gutt agesat, an hie stéing dozou, huet de Minister betount.