LU AlertHaut gëtt nees getest

Pitt Wagner
All éischte Méindeg am Mount gëtt den Nationale Warnsystem LU Alert getest. Dëse Méindeg ass een Nationalen Test geplangt, wou jiddereen eng SMS kritt.
© RTL Grafik (Archivbild)

Poulet Sireenen, eng ganz speziell Zort vu Broiler. All éischte Méindeg am Mount ass Maart an zu Gréiwemaacher, a wéi den Zoufall et wëll, ass den 1. Wochenufank vun all Mount och den Dag, op deem ënner anerem d’Sireene getest ginn, esou och an der Muselmetropol. Dobäi kënnt, dass dat ëm d’Mëttesstonn geschitt, wann den Honger rifft a grad dee Moment déi besser Hallschent mat dem Poulet vum Maart heem kënnt, esou ass d’Poulet Sireen gebuer. Den nationale Sireenentest huet awer méi een eeschten Hannergrond, wéi dee vum Gummi-Adler. LU Alert ass dee System, deen all d’Kanäl vum Nationale Warnsystem regroupéiert. Well d’Leit zanter éiweg d’Gewunnecht hunn, dass méindes mat vill Kaméidi getest gëtt, hu se sech beim Haut-Commissariat de la Protection National geduecht, deen Dag bäizehalen, fir esou direkt déi ganz Kommunikatioun mam Bierger ze testen.

Warnung per Handy a Sireen
Wei gëtt Lëtzebuerg am Fall vun enger Katastrophe informéiert?

LU Alert sinn niewent de Sireenen och SMSen, déi un all Handy geschéckt ginn, deen dee Moment an engem Lëtzebuerger Reseau agebucht ass. Den 2. Mee vum leschte Joer huet een ugefaangen, ze probéieren, per SMS ze warnen. Deemools huet et 35 Minutte gedauert, bis déi lescht vun de méi wéi 1.500.000 och ukomm ass. Well wann esou eng Masse u Kuerznoriichten zesumme fortschéckt gëtt, provozéiert dat Stau am Reseau, esou muncher ee kennt dat nach vu Silvester aus de leschte Joerzéngte, wou d’Neijärche mat vill Verspéidung ukomm sinn. Dat ass bäi engem Noutfall natierlech alles anescht wéi optimal. Haut braucht et just nach 2 bis 3 Minutten, bis och déi leschte SMS de Wee bäi hiren Empfänger fonnt huet, an dat dank den Tester.

Fir ze testen, ass de Grand-Duché a 14 Zonen agedeelt ginn. No engem éischten Nationalen Test sinn iwwer d’Joer all déi eenzel Zonen duerchgetest ginn, esou, dass elo fir dëse Méindeg erëm ee groussen Nationalen Test geplangt ass.

Wann d’Sireene kreesch dinn an och den Handy bimmelt, gëtt do derniewent och iwwer de Rescht vun de Medie sensibiliséiert. Sief et iwwer GouvAlert App, déi sozial awer och déi traditionell Medien, iwwer all déi verschidde Kanäl gëtt informéiert an och sensibiliséiert.

De Knäppchen, fir d’Sireene gëtt op der Cloche d’or am CNIS beim 112 gedréckt. Am CSU, dem Centre de Secure d’Urgance, sinn 12 Posten, wou d’Operateuren an der Reegel all 8 Minutten een Noutruff traitéieren. Op dëse Posten huet en Operateur alles mat engem Mausklick bei Hand, och de Knäppche vun de Sireenen. Et kann een och just vereenzelter auswielen, esou zum Beispill beim Plan Nucleair, falls zu Cattenomsplang aktivéiert gëtt, da gi just déi Sireenen an de concernéierte Secteuren ausgeléist.

Fir de Betrib am CSU net ze steieren, gëtt bei gréisseren Asätz de CGO aktivéiert. Dat steet fir Centre de Gestion et d’Organisation, ee spezielle Raum, wou all déi néideg Informatiounskanäl zesummelafen, wou den Asaz vun enger extraer Ekipp geréiert gëtt, ouni den Alldag am 112 ze beaflossen. De CGDIS kann hei déi néideg Kommunikatioun no bausse maachen, iwwer notamment all déi verschidde Kanäl, wéi Sireenen, SMS oder GouvAlert… Am Fall vun engem CGDIS-Asaz ginn Decisioune selbststänneg vum CGDIS geholl, fir z.B. de Leit ze soen, si sollen d’Fënsteren an d’Dieren zoumaachen, well et an der Géigend brennt. Bei enger nationaler Kris allerdéngs gëtt eng speziell “Cellule de Crise” zesummegeruff, déi dee Moment d’Kommunikatioun an och d’Zesummespill vun deenen eenzelen Acteure geréiert.

11 verschidde Krisepläng sinn ausgeschafft ginn, an deenen och definéiert gouf, wat wéini a wéi gewarnt gëtt. Op infocrise.lu kann een dës nosichen a sech och informéieren, wéi ee sech als Bierger an deene verschiddene Situatioune verhale soll.

Bis Enn vum Joer huet ee sech ginn, fir ee ganz neie System en place ze setzen, deen den Oflaf hannert der Alert à la population weider perfektionéiere soll. Domat kënnt dann och de Cellbroadcast. Iwwer dëse Wee kann ee Messagen un den Handy schécken, ouni dass eng App drop installéiert muss sinn. Esou kann ee ganz geziilt an och just enger bestëmmter Zell vun den Antenne warnen. Dat och vill méi intrusiv, esou schellt den Handy ganz haart a weist drop hin, dass eng eminent Gefor besteet.

Am Innenministère, do wou de ganze Projet geleet an iwwerwaacht gëtt, sinn se sech bewosst, dass en net ëmmer mat groussem Tam-Tam kann a soll warnen, well esou d’Leit vläicht genervt gi vun de stännege Messagen an den Effekt vun der Warnung do duerch verpufft. Och dat, wat am Message dra steet, ass wichteg, fir dass de Bierger weess, wat en ze maachen huet, oppen e fortlafe soll oder sech besser huet, am Keller ze verschanzen.

Wann e Méindeg dann am ganze Land d’Sireene hurelen an och ären Handy schellt, da wësst dir dass dat eng Übung ass. Fir de System ze verbesseren, ass een och op d’Hëllef vum Bierger ugewisen. Esou kann een och bei enger Ëmfro matmaachen, déi freet, ob alles richteg ukomm a verstane ginn ass.

Schreiwes

Le gouvernement poursuivra lundi, le 3 avril 2023 la mise en œuvre de sa stratégie de test du système d’alerte et d’information à la population en procédant à un deuxième test national par les canaux de communication suivants: sirènes, SMS, application mobile GouvAlert. Dans un objectif d’amélioration constante, un sondage d’opinion est disponible en ligne afin d’obtenir l’avis de la population:

La presse est invitée à partager ce sondage par le biais de leurs moyens de communication le jour du test.

En ce qui concerne l’alerte envoyée par SMS, il est important de noter que seules les personnes dont les téléphones portables sont connectés à une station de base de téléphonie mobile implantée sur le territoire luxembourgeois au moment de l’alerte recevront le SMS suivant: «LU-ALERT / ALERTE TEST / NO ACTION REQUIRED / AUCUNE ACTION REQUISE / KEINE HANDLUNG ERFORDERLICH / INFOS: GD.LU/LU-ALERT».

À relever qu’aucune donnée à caractère personnel ne sera collectée ou stockée par l’État dans le cadre des tests du système d’alerte à la population. Plus encore, et afin d’assurer que les messages d’alerte réels et test soient distingués, il y a lieu de préciser que le passage «No action required / Aucune action requise / Keine Handlung erforderlich» sera uniquement mentionné dans les messages test.

Il convient de préciser qu’un certain délai peut s’écouler entre l’envoi et la réception des SMS test, ce qui explique que tous les citoyens ne recevront pas le message test au même moment. Il est admis qu’aucun canal de communication individuel ne peut atteindre une couverture à 100%. Or, pour parvenir à une couverture satisfaisante, il est rappelé que le gouvernement a choisi de mettre en œuvre une approche multicanale qui permettra à terme d’atteindre le plus grand nombre de personnes possible, en combinant les points forts des différents canaux de communication.

L’objectif des tests est de s’assurer de la fonctionnalité des différents canaux d’alerte, d’identifier les points d’amélioration éventuels et, surtout, de sensibiliser les citoyennes et citoyens d’avoir recours aux différents canaux d’alerte. La stratégie de test qui s’inscrit dans le long terme et qui aura lieu de manière régulière suit l’objectif d’assurer la résilience de la population face à des situations d’urgence ou de crise qui pourraient avoir un impact sur la sécurité civile.

Back to Top
CIM LOGO