PoliceHefteg Kollisioun tëscht engem Linnebus an engem Auto zu Gaasperech

RTL Lëtzebuerg
Op der Kräizung tëscht der Escher Strooss an der rue Guillaume sinn e Freideg géint 23 Auer e Bus an en Auto net laanschtenee komm.
© Domingos Oliveira / RTL

Bei dem Accident goufe béid Gefierer nawell zolidd beschiedegt, sou dass se hu mussen ofgeschleeft ginn. Ee Passagéier aus dem Bus gouf liicht un der Hand blesséiert. De Chauffer vum Auto hat ze vill gedronk an huet nach mussen op der Plaz de Führerschäin ofginn. Eng Enquête soll elo klären, wéi et zum Accident komm ass.

E Samschdeg de Moie géint 3.50 Auer huet dann nach en Automobilist musse säi Führerschäin ofginn, well en an der Stad an der Montée de Clausen ze séier ënnerwee war.

Da mellt de CGDIS nach 3 Accidenter e Samschdeg am Nomëtteg. Tëscht dem Rollengergronn an dem Briddel war en Auto Accidentéiert, de Samu huet misste geruff ginn, well eng Persoun blesséiert gouf. Zu Léiweng gouf et zwee Blesséierter bei engem Accident an zu Bouneweg waren zwee Gefierer net laanschtenee komm. Och hei goufen zwou Persoune verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO