
Organiséiert gouf dësen Dag vum Service d’économie rurale, kuerz SER, deen och d’Zuele vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft 2022 presentéiert huet an och scho mol en Ausbléck, wéi et 2023 ëm d’Lëtzebuerger Baueren- a Wäibaubetriber steet an e kuerz- a mëttelfristegen Ausbléck op d’Entwécklung vum Maart ginn huet.
Fir d’Joer 2022 huet den SER d’Resultater vu 560 landwirtschaftleche Betriber an de Fokus geholl an déi dann op déi 1.305 Betriber héichgerechent, fir esou eng zimmlech genau Iwwersiicht ze kréien.
2023, e gutt Joer
Dem SER no koum dobäi e gutt Resultat eraus, grad och, well een héich Präisser fir dat, wat ee produzéiert huet, konnt froen. Vergläicht een d’Joren 2022 an 2021, esou ass den Duerchschnëtt vum “Uerdentleche Resultat” ëm 90 Prozent geklommen a läit bei ronn 118.000 Euro pro Entreprise däitlech iwwert dem Joresduerchschnëtt aus de leschte fënnef Joer, do war en nämlech bei 62.600 Euro pro Betrib. Fir 2023 rechent den SER mat engem liichte Réckgang vu ronn 9 Prozent op dann nach 106.900 Euro, wat awer nach ëmmer e Resultat op héijem Niveau wier.
Wou kommen déi gutt Resultater hier?
Haaptsächlech, esou schreift den SER, ebe wéinst den héije Präisser, déi ee Froe kann, virop bei dem wichtegste Standbeen an der Landwirtschaft, der Mëllech. Ma och aner Produktioune sinn an de Präisser geklommen. Fir 2023 rechent den SER awer mat liicht manner héije Präisser an e problematescht Joer am Wäibau.
Och als positiv an dëser Kategorie bewäert de Service d’économie rurale, datt d’Landwirtschaft d’Düngermëttel, wat däitlech méi dier ginn ass, besser asetzt an esou och op deem Punkt spuere konnt. Awer och politesch Hëllefsmëttel am Kader vun der neier Agrarpolitik huet bewierkt, datt d’Rëndfleeschproduktioun seng Resultater verbessere konnt.
Och d’Ministesch gesäit dës Punkte ganz positiv, well et hir no wichteg ass, datt jonk Baueren a Wënzer eng Perspektiv an hirem Beruff hunn. Och huet si um Dag vun der Landwirtschaft annoncéiert, datt si am kontinuéierlechen Austausch mam Secteur stoe wéilt.
Wat bréngt d’Zukunft?
Fir déi no Zukunft erwaart ee sech, datt d’Mäert sech berouegen an datt d’Produktiounskäschten nees erof ginn. Rezent haten d’Betriber jo och mat den héijen Energiepräisser esou wéi den héijen Düngerpräisser ze kämpfen. D’Léisungen, déi d’EU mam Export vu Wueren aus der Ukrain fonnt hunn, hunn dofir gesuergt, datt d’Hausse vun de Kären- an Uelegpräisser sech nees bei ronn 10 Prozent iwwert dem Montant vu virum Ukrainkrich agependelt hunn.
Duerch de Green Deal vun der EU-Kommissioun sinn d’Produktiounskäschte geklommen, ma gläichzäiteg sinn och d’Verkafspräisser an d’Luucht gaangen, wat op eng allgemeng Kontinuitéit vun de verbesserte Resultater hindeit, esou den SER.