
Am Kader vun enger Verkéierskontroll en Donneschdeg op der N11 bei Jonglënster huet d’Police direkt e puer Leit gepëtzt, déi däitlech méi séier wéi 90 Kilometer an der Stonn waren.
11 Chaufferen hunn 2 Punkten an 145 Euro verluer, well si méi wéi 20 km/h op dëser Plaz méi séier waren. Néng Automobilisten hunn da 49 Euro bezuelt, well si zwar ze séier waren, mä dat mat manner wéi 20 km/h. Ee Chauffer war dann esouguer esou séier, datt hien de Permis nach op der Plaz ofgeholl krut.
4 Punkten an 145 Euro huet dann eng Persoun missten ofginn, well si wärend dem Fueren den Handy benotzt huet. 145 Euro an zwee Punkte krut een ofgeholl, dee wärend der Kontroll sech net un dat gehalen huet, wat d’Beamten him soten.
Op der selwechter Streck ma zu enger anerer Zäit krut d’Police gemellt, datt e Camion ënnerwee wier, deen net ganz riichtaus fuere géif. Eng Patrull konnt d’Gefier du bei Lauterbuer stoppen an dem Chauffer, deem säin Alkoholpeegel ze héich war, de Permis ofhuelen. Bleiwe mer dann nach eng Kéier op der N11, well zu Dummeldeng an der Iechternacherstrooss gouf um Donneschdegowend en Auto gemellt, dee queesch op der Fuerbunn stoung. Kuerz Zäit drop du gouf gemellt, datt den Auto Richtung Waldhaff ënnerwee wier. De Chauffer huet et mat sengem Auto bis heem gepackt, ma hei huet d’Police hien du kontrolléiert. De Permis war, well den Alkoholpeegel ze héich war, fort.
Weider Permise wéinst Alkohol um Steier goufen zu Hasel an zu Leideleng ewechgeholl. Zu Gaasperech war d’Persoun, déi ze vill gedronk hat, och nach däitlech ze séier ënnerwee.