Den Eeschtfall ass ausbliwwenHéichwaasser-Preparativen zu Ettelbréck

Anne Wolff
D'Waasserwirtschaftsamt gëtt Entwarnung: Nom Stuerm en Donneschdeg sinn déi meescht Peegelstänn aktuell schonn ënnert d'Côte de Pré-alerte gefall.
Ettelbréck e Freideg de Moien.
Ettelbréck e Freideg de Moien.
© RTL

Ma wann esou eng Wiederwarnung usteet, mussen d’Gemenge laanscht d’Flëss sech op e méiglecht Héichwaasser preparéieren. Mir waren e Freideg de Moien zu Ettelbréck an hu beim Service Régie nogefrot, wéi ee sech virbereet.

Héichwaasser-Preparativen zu Ettelbréck / Reportage Anne Wolff

Ettelbréck hat dës Kéier Chance: Et gouf nëmme liicht Héichwaasser. De Parking Däichwise war dowéinst e Freideg de Moien op dem ënneschten Niveau zou. Op der Maartplaz louchen d’Sandsäck prett op de Paletten, mee déi huet een net gebraucht.

De Luc Lang, Chef vum Service Régie, huet de Waasserstand genee am A behalen an och Fotoe gemaach, fir eventuell Ännerungen ze dokumentéieren: “Mir haten dës Kéier Chance. D’Waasser war op 2.37 Meter eropgaangen, dat heescht mir hunn net esou vill Buedem iwwerall leien. Mir hunn d’Parkhaus elo rëm opgemaach, dass de Verkéier rëm dohinner fuere kann”.

Soubal d’Uelzecht op 1.80 Meter, also d’Côte de Pré-alerte klëmmt, gëtt den Héichwaasserplang declenchéiert: “Wa mir gesinn, dass et klëmmt, bei 2.30 Meter si mir natierlech alleguerten um Dill, an da musse mir kucken, wéi et weider geet. Mir hunn elo gesinn, dass et net méi héich géing gi wéi 2.37 Meter, dofir si mir an der Nuecht net opbliwwen. Soss hu mir eng Permanence, déi an der Nuecht do ass. Da ginn d’Sandsäck op d’Plaz gesat, fir wann et dann iwwer 3 Meter geet. Dann hu mir Suergen, da musse mir kucken, dass mir de Kanal opbehalen, da musse mir Pompele setzen. An der Rue Michel Weber kënnt dann eng Pompel stoen, déi mat engem Trakter geliwwert gëtt. Dat fir dass mir d’Kanäl eidel Pompelen an d’Leit kee Waasser an d’Kellere kréien.”

De ganze Wanter rechent d’Gemeng d’office mat Iwwerschwemmungen, mee dass et och am Summer virkomme kann, huet d’Joerhonnert-Héichwaasser am Juli 2021 gewisen.

RTL-News: Waasserwirtschaftsamt: Keen Héichwaasserrisiko méi - Peegele falen nees

Back to Top
CIM LOGO