Invité vun der Redaktioun (21. Februar)Heinz Thews: Jonk Athlete verspriechen interessant Zukunft

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg de Moie war den Heinz Thews, Directeur technique vum Lëtzebuerger Olympesche Comité, eisen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Heinz Thews (21. Februar)
Um Dënschdeg de Moie war den Heinz Thews, Directeur technique vum Lëtzebuerger Olympesche Comité, eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Gold- an d'Sëlwer-Medaille am Short Track fir de Lëtzebuerger Peter Murphy lescht Woch beim „Festival Olympique de la Jeunesse Européenne“ an der Tierkei, awer och d'Resultater vun den aneren 3 Lëtzebuerger Athleten déi mat waren, verspriechen eng interessant sportlech Zukunft . Dat sot den Directeur Technique vum Lëtzebuerger Olympesche Comité, Heinz Thews, de en Dënschden de Moien am RTL-Interview. D'Olympesch Wanterpspiller 2018 zu Pyeongchang a Südkorea wiere villäicht nach e bësse fréi, ma, spéitstens 2022 zu Peking dann, kann ee sech awer interessant Resultater erwaarden aus Lëtzebuerger Siicht, huet den Invité vun der Redaktioun gemengt.

Sécherheetsbedenken, sou den Heinz Thews weider, hat d'Lëtzebuerger COSL-Delegatioun net am Krise-Land Tierkei. Den Encadrement vun de Lëtzebuerger an tierkeschen Autoritéite wier gutt gewiescht.

Um Dënschdeg de Moie war den Heinz Thews, Directeur technique vum Lëtzebuerger Olympesche Comité, eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO