TemoignagenHëllef fir Independanten: Et ginn ze vill Lächer am Netz

RTL Lëtzebuerg
Eleng aus zwee Temoignagen héiert ee kloer eraus, datt d’Konditiounen, fir finanziell Hëllef vum Staat ze kréien, eenzel Fäll ausschléissen.

Hëllef fir Independanten / Reportage François Aulner

D’Laure Cales war drop an drun, hire Secondhand-Shop a Café „Pilea“ am stater Garerquartier opzemaachen. Si huet vill Zäit a Geld investéiert, mä du koum d’Kris. Chômage partiel kënnt net a Fro, well si keng Salariéen huet an d’Laure Cales fäert och, datt si déi direkt Hëllef vum Staat net kritt, well si nach keen Ëmsaz konnt maachen.

De Christophe Ludovicy, selbststännegen Dozent, deen ënnert anerem Therapië fir eeler Leit mécht, begréisst, wéi de Staat d’Kris geréiert. Hie selwer konnt seng sozial Leeschtungen an och seng Remboursementer op senge Baukreditter op e Minimum reduzéiert kréien. Allerdéngs gëtt et keen Ersatz fir säin Akommes an hie fäert elo awer, datt hien am Ree stoe gelooss gëtt. Eng Madamm am Ministère hätt him gesot, hie riskéiert keng Direkthëllef ze kréien an hie misst wuel an de Chômage.

Eenzelfäll behandelen

De Christophe Ludovicy mengt, d’Autoritéite missten bei Independanten all Fall eenzel ënnert d’Lupp huelen an eng Aart Chômage Technique oder Chômage temporaire an d’Ae faassen.

D’Laure Cales mengt och, et misst een d’Hëllefen esou kalibréieren, datt keen duerch de „Raster“ fält. Donieft wënscht si sech ee „méi strengen „Appell“ un d'Proprietären, fir datt se e bësse „méi kulant“ sinn, an un d’Banken, fir dat e bëssen opfänken ze kënnen.

Obwuel d’Regierung de Géigendeel deklaréiert huet, gesäit et awer esou aus, wéi wann der wäerten am Ree stoe gelooss ginn.

De ganzen Interview mam Laure Cales a mam Christophe Ludovicy

De ganzen Interview mat der Laure Cales
Si huet e Second-Hand-Shop am Garerquartier opgebaut, deen u sech an der Woch vun den éischte Mesurë sollt opgoen.
De ganzen Interview mam Christophe Ludovicy
Als selbstännegen Dozent gëtt hien Coursen an Therapië fir eeler Leit.

Back to Top
CIM LOGO