
Hie wier och Kandidat fir Administrateur am Verwaltungsrot vun Arcelor Mittal ze ginn. Dat sot de Weekend, den Henri Grethen um Radio 100komma7. Op d’Fro op dës Annonce bewosst, grad elo zu engem Zäitpunkt kënnt, wou och de Wirtschaftsminister Etienne Schneider Interessi un deem Posten vum Vertrieder vun der Regierung ugemellt huet, huet den Henri Grethen dat RTL géint iwwer dementéiert. Hien wier och net vum Premier kontaktéiert ginn, weder virun der Annonce, nach elo e puer Deeg méi spéit. Och soss hätt keen an der Regierung sech un hien adresséiert. Den Interessi kéim duerch seng Posten, déi hien an der Vergaangenheet besat huet. Den Henri Grethen war Wirtschaftsminister, hat d’Fusioun tëscht Arbed, Usinor an Aceralia begleet.
Hien hätt um 100komma7 just op eng Fro geäntwert, esou den Henri Grethen, fréiere Member vun der europäescher Cour des comptes. Datt dës Ausso elo fir esou vill Interessi géif suergen, domadder hätt hien net gerechent.
De Wirtschaftsminister Etienne Schneider wollt net op d'Aussoe reagéieren. Hien hat op senger Récktrëttspressekonferenz am Dezember erkläert, datt hien, sollt d'Regierung mat der Demande kommen, hie se consideréiere wéilt.