Chamberwalen 2023Henri Kox a Chantal Gary stellen d'Duebelspëtzt fir déi Gréng am Osten

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg koum Bezierkskongress vun deene Gréngen aus dem Walbezierk Osten zesummen.
© Déi Gréng

Um Ordre du Jour stoung d’Propose vun enger regionaler Duebelspëtzt fir de Walbezierk Osten fir d’Chamberwalen den 8. Oktober. Duerchgesat hu sech de grénge Minister Henri Kox, dee fir de Logement an déi Ënner Sécherheet zoustänneg ass, an déi gréng Deputéiert Chantal Gary déi Presidentin vun der parlamentarescher Kommissioun fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten ass.

Déi aner fënnef Plazen op der Lëscht sollen Enn Juni, respektiv spéitstens Ugangs Juli vum Bezierkskongress besat ginn.

PDF: Communiqué vun déi Gréng

Back to Top
CIM LOGO