
An zwar vum Haaptkommissariat um Verluerekascht. Dat äntwert de Policeminister Kox en Donneschdeg de Moien op eng dréngend parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Mosar a Gloden. De Policekommissariat op der Garer Plaz wier just eng Dependance vum grousse Kommissariat aus der Regioun Haaptstad. De Minister ënnersträicht och, datt d’Responsabel vun der Police den alldeegleche Fonctionnement vun den Unitéiten organiséiert. Datt Kommissariater ausser Rei mussen zoubleiwen, dat kéim och vir, sou de Minister weider. Zum Beispill wann Effektiver musse fir en Evenement zesummegezu ginn.
Den Henri Kox widderhëlt, datt dës Regierung zanter 2019 d’Rekrutement bei der Police verstäerkt hätt an a sengen Ae misst déi nächst Regierung dat och weider maachen. Op déi spezifesch Beamten, déi sech krank gemellt hunn oder hir Waffen ofginn hunn, geet de Minister net an.
Et kënnt net dacks vir:
D’CSV-Deputéiert Mosar a Gloden fuerdere méi präzis Äntwerte vum Policeminister op hir parlamentaresch Drénglechkeets-Fro. Dofir hu Sie e Bréif un de Chamberpresident geschéckt.
De Policeminister hätt keng exakt Explikatioune geliwwert, firwat de Garer Policebüro vum 11. op den 12. August zou war. Oder ob et stëmmt, datt sech verschidde Poliziste krank gemellt an hir Waffen ofginn hätten. Dernieft wier och kee präzisen Datum genannt ginn, wéini de Garer Policebüro nees normal funktionéiert.