Héich TemperaturenHëtzt- an Ozonwarnung fir e Freideg an e Samschdeg

RTL Lëtzebuerg
Meteolux huet fir e Freideg de Mëtteg eng Alerte Jaune fir de Süde vum Land erausginn, grad ewéi fir e Samschdeg am ganze Land.
© pixabay

Tëscht 14 an 19 Auer sinn um Freideg Temperature vu maximal 32 Grad méiglech. E Samschdeg de Mëtteg gëllt déi selwecht Warnung.

Um Donneschdeg de Mëtteg huet Meteolux dann och nach virun erhéichten Ozonwäerter gewarnt. De Seuil de pré-information vun 160 µg/m³ kéint iwwerschratt ginn.

© Meteolux

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?
Wéi ass déi aktuell Loftqualitéit?
Weider Detailer um Site vu Meteolux

Back to Top
CIM LOGO