
Bestueden a Corona-Zäiten ass net einfach...dofir soll et méiglech sinn d'Hochzäiten net nëmmen op der Gemeng ze maachen, sou wéi d'Gesetz et u sech virgesäit.
Bestuede soll nees méiglech si mat maximal 20 Leit, déi hir Distanzen hale vun zwee Meter.
Vill Gemengen hätten awer net déi néideg Raim fir dat z'assuréieren, dowéinst gëtt dann elo gekuckt, datt een sech och op enger anerer Plaz wéi an der Gemeng ka bestueden.
D'Inneministesch Taina Bofferding huet dat en Donneschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun erkläert.
D'Deputéiert hu proposéiert, datt eng Hochzäit och an engem Park vun der Gemeng kéint méiglech sinn. Dat ass fir de Moment net virgesinn, soll awer méi spéit gekuckt ginn. D'Ministesch hat souwisou wëlles déi zivil Feieren ze reforméieren.