Deputéiert aus der BaussekommissiounHoffentlech net nach eemol den Trump

RTL Lëtzebuerg
D'CSV an d'LSAP hunn e klore Favorit bei de Presidentiellen an den USA, d'ADR huet Vertrauen a béid Kandidaten.
Lëtzebuerger Deputéiert iwwert d'US-Walen
D'CSV an d'LSAP hunn e klore Favorit bei de Presidentiellen an den USA, d'ADR huet Vertrauen a béid Kandidaten.

De President Trump hätt säi Vollek auserneegerappt, esou den LSAP-President vun der Baussekommissioun Yves Cruchten, elo bréichte si e President, dee si zesumme bréngt an hinnen nees Courage mécht.

Yves Cruchten iwwer US-Walen

"2016 war d'Joer vun de Populisten, mir haten de Brexit, mir haten den Trump, dee gewielt gouf, kuerz drop de Bolsonaro. Vläicht weist elo d'Corona-Kris de Leit och, dass se net sou gutt dru si mat deene Populisten, well et si grad déi Länner, wou d'Populisten d'Regierung féieren, déi haut net sou gutt do stinn, wéi déi aner Länner."

Eng Victoire vum Joe Biden an e Retour bei de Multilateralismus wier och besser fir de Rescht vun der Welt, hofft den Yves Cruchten, grad wéi och den CSV-Deputéierte Claude Wiseler.

Claude Wiseler iwwer US-Walen

"D'Amerika huet sech zréckgezunn an huet am Fong eppes gemaach, wat fir Europa, mä och fir Amerika net gutt war, si huet anere Länner Plaz gelooss. China huet déi Plaz ageholl, déi Amerika fräigelooss huet. Dat hunn ech ëmmer regrettéiert, ech hoffen, datt, wann den Här Biden gewielt gëtt, déi Politik radikal geännert gëtt an Amerika hir Plaz am Multilateralen zréckhëlt."

De CSV-Deputéierten Claude Wiseler
De CSV-Deputéierten Claude Wiseler
© Didier Weber

Den ADR-Deputéierten a fréieren Diplomat Fernand Kartheiser wëll sengersäits den Amerikaner keng Recommandatioun maachen, wéi si solle wielen.

Fernand Kartheiser iwwer US-Walen

"Ech hu Vertrauen an déi 2 Kandidaten an an déi amerikanesch Demokratie. Ech gesi weder bei deem engen, nach bei deem anere wierklech Gefore fir déi demokratesch Kultur an Amerika. Si ass anescht wéi hei, dat muss ee kloer gesinn."

Den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser
Den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser
© Didier Weber

Back to Top
CIM LOGO