Invité vun der Redaktioun (29. Mäerz)Högenauer: Brexit weder grousse Risiko, nach grouss Chance

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch géint 10 op 8 war d'Politologin Anna-Lena Högenauer vun der Uni Lëtzebuerg.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Anna-Lena Högenauer (29. Mäerz)
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch géint 10 op 8 war d'Politologin vun der Uni Lëtzebuerg.

Den Austrëtt vu Groussbritannien ass e bësschen eppes, wéi e Befreiungsschlag, wann e Land geet, wat dacks a vill an der EU gebremst huet. Nawell bleift eng Europäesch Unioun zu 27 nach ëmmer ganz diverse, dat sot d'Politologin vun der Uni Lëtzebuerg Anna-Lena Högenauer e Mëttwoch de Moien.

Eis Invitée vun der Redaktioun fäert net, datt de Brexit d'EU déi nächst Joren blockéiert. Och wann d'Verhandlunge méi wéi zwee Joer daueren. Et hätt een et nämlech fäerdeg bruecht, de Brexit vum Alldagsgeschäft ze trennen. An déi 27 hätte sech bis ewell och erstaunlech geschloss ginn.

D'Iddi vun engem Europa vun de verschiddene Vitessen hält d'Politikwëssenschaftlerin vun de Uni.lu fir duerchaus interessant. Et wier awer wichteg, datt een dat ganzt richteg managed.

Extrait Anna-Lena Högenauer 1

A Groussbritannien selwer géife sech d'Leit ëmmer méi de Risiken an de Konsequenze bewosst. Trotz negative Signaler vun der britescher Regierung, geet d'Anna-Lena Högenauer dovunner aus, datt et zu engem zweete schotteschen Onofhängegkeetsreferendum kënnt.

Extrait Anna-Lena Högenauer 2

Wann déi schlecht lafe fir Groussbritannien, kéint duerchaus eng Majoritéit vun de Schotten fir hir Onofhängegkeet stëmmen. Besonnesch grousst Konfliktpotential gëtt et der Politologin awer an Nordirland. Europa hätt d'Situatioun mat berouegt. Déi Rou wier elo awer zum Deel nees a Gefor.

Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch géint 10 op 8 war d'Politologin Anna-Lena Högenauer vun der Uni Lëtzebuerg.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO