D’Lëtzebuerger kathoulesch Kierch huet net just ëm de Poopst, mä och ëm de Mathias Schiltz getrauert. De Stater gouf mat 25 Joer Paschtouer. D’Konventioun mam Staat a Saachen Trennung hätt hien esou net ënnerschriwwen, sou de fréiere Generalvikar, dee mat 92 Joer gestuerwen ass.
Si war, wat d’Kierch ugeet, de komplette Contraire a bekannt als reegelrecht Pafefrëssesch! D’Nelly Moia goung mat 87 a mat hir eng vun den éischte Feministinnen hei am Land. Déi gebierteg Escher huet sech bis zum Schluss mat der Gesellschaft ausernee gesat, an den Ëmgang vum Mënsch mat Déier an Natur kritiséiert.
2025 stierft d’Margot Friedländer, mä mam Gerd Klestadt och nach en aneren Iwwerliewenden vum Holocaust. Vun 1943 bis 1945 war hien zu Bergen Belsen am KZ. De Gerd Klestadt huet et bis zu sengem Doud mat 92 Joer als Missioun gesinn, jonke Leit seng Geschicht an déi vum Holocaust z’erzielen.
Am Januar stierft de Michel Medinger, den Neiduerfer huet seng Geschichten op Fotospabeier erzielt, an huet a Frankräich, Japan, den USA, an a China ausgestallt. E Medinger erkennt een direkt, schonn eleng duerch déi typesch Inzenéierungen. Manner bekannt ass, dass hien 1964 als Lëtzebuerger Athlet un den Olympesche Spiller deelgeholl huet.
Och de Léon Krier huet sech wäit iwwer eis Grenzen eraus en Numm gemaach. De Lëtzebuerger steet fir eng traditionalistesch, post-modern Architektur géint Stied, an deenen alles wäit auserneeleit. Den Architekt huet am Optrag vum Prince Charles d’Pläng vu Poundbury gezeechent, als Muster-Stad fir den Urbanismus vu muer. De Léon Krier stierft am Alter vu 79 Joer zu Palma.
Brooklin, New York, mellt den Doud vum Pierre Joris. Gebuer 1946 zu Stroossbuerg an opgewuess zu Lëtzebuerg, ass de Schrëftsteller mat duebeler – also Lëtzebuerger an amerikanescher Nationalitéit – tëscht Europa, Nord-Afrika an den USA hin an hir gereest. Poesie, Prosa a vill Iwwersetzunge si mat *Joris ënnerschriwwen.
Am Mäerz deelt d’Famill vum Prënz Frederik vun Nassau mat, dass hire Fils kuerz viru sengem 23. Gebuertsdag de Kampf géint seng onheelbar Krankheet verluer huet. De Jong vum Prënz Robert, deen de Koseng ass vum Grand-Duc Henri, huet ënner enger genetescher Stéierung gelidden, déi zu Organversoe féiert. De jonke Prënz huet sech iwwer seng Stëftung fir d’Fuerschung an dësem Beräich engagéiert.
Och de Marcel Glesener verléisst eis am Mäerz am Alter vu 87 Joer no kuerzer Krankheet. Hie souz fir d’CSV an der Chamber, huet sech scho mat 20 an der Gewerkschaft engagéiert, a war laang Zäit LCGB-President.
De Lëtzebuerger Journalismus verléiert dann ee vu senge ganz bekannte Nimm. De Petz Lahure war de Sportjournalist a bal 30 Joer President vun der Federatioun vun der Sport-Presse. 10 Olympesch Spiller huet hie couvréiert, säin Dada war awer de Vëlossport. De Péitenger gëtt 79 Joer al.