
„Mir traueren ëm e Mann, dee sech iwwer Joerzéngte fest an eisen Häerzer verankert hat! Hien huet seng Aarbecht mat enger grousser Häerzlechkeet an enger absoluter Dignitéit gemaach!“: Dat sot de Chamberpresident um Mëttwoch de Moie beim Parlament sengem Hommage un de verstuerwene Grand-Duc Jean.
De viregte Staatschef wär ee vun de Jonge gewiescht, dee fir eis Fräiheet gekämpft, an deen nom Krich senger Mamm zur Säit gestanen hätt, sou de Fernand Etgen.
D'groussherzoglech Famill kéint sech gewëss sinn, dass d'Chamber hir déif Trauer deele géif an a Gedanke bei hir wär, huet den 1. Bierger vum Land nach betount.
De Premier huet iwwerdeems vu schwéiere Moment fir eis all geschwat. „Déi traureg Noriicht vum Doud vum Grand-Duc Jean huet eis schockéiert!“, war eng Ausso vum Xavier Bettel.
De fréiere Staatschef, en aussergewéinleche Mënsch, hätt d'Geschicht vum Land op exzeptionell Aart a Weis matgepräägt, an d'Reaktiounen aus de leschte Stonnen hätte gewisen, dass de Grand-Duc Jean de Bierger ganz no a wichteg war. Fir de Staatsminister wär de Verstuerwenen duerch seng Mënschlechkeet a säi Geschéck un der Spëtzt vum Land opgefall.
Dësen Hommage vun der Chamber gouf mat enger Trauerminutt ofgeschloss.