
Wéinst der Zort vu Blessuren, mat deenen d’Déier beim Futtballterrain hannert der Grondschoul “J.P. Nuel Schouel” fonnt gouf, geet d’Police dovun aus, datt den Hond duerch schwéier Mësshandlungen ëm d’Liewe koum.
D’Police freet an dësem Fall elo no Mathëllef aus der Populatioun. Och d’Besëtzer vum Hond konnten nach net ermëttelt ginn. Wien also ee klenge schwaarzen Hond vermësst, oder am Zesummenhang mat der Dot Informatioune kéint hunn, ass gebieden, sech um Policebüro Kayldall ënnert der Nummer (+352) 244 64 1000 oder per E-Mail (police.kayldall@police.etat.lu) ze mellen.