GeriichtHond net an der Léngt: 1'000€ Strof an Dressurcours

RTL Lëtzebuerg
En eelere Mann, dee säin Hond net an der Léngt gehalen hat, gouf dowéinst en Donneschdeg um Stater Geriicht zu enger Geldstrof vun 1.000 € condamnéiert.
© Archiv-Foto

Dobäi kënnt, dass hien an de Mupp 15 Deeg an en Dressurcours fir Hënn musse goen, an dass hien dem Affer 300 € Schuedenersatz bezilt. Am Mee zejoert hat de Mann säin Jack Russell an engem Parc zu Miersch lafe gelooss. Den Terrier hat doropshin en anere Mupp an deem seng Proprietärin gebass.

Am Prozess hat d'Vertriederin vum Parquet zwee Méint Prisong mat Sursis probatoire gefrot, well de Mann am Abrëll 2017 scho wéinst engem ähnleche Virfall zu enger Geldstrof veruerteelt gi war a keng Léieren doraus gezunn hätt.

Back to Top
CIM LOGO