Am “House of Biohealth” si virun allem mëttel a kleng Betriber aus dem Beräich vun de Biotechnologien an den digitale Gesondheetstechnologien ënnerbruecht. D’Struktur bitt hinne souwuel Labosfläche fir d’Fuerschung, wéi och Bürosflächen. Alles an allem schaffen eng 450 Leit am “House of Biohealth”, an dat privat an ëffentlech Investisseuren zesumme 60 Milliounen Euro investéiert hunn. Donieft gëtt aktiv um “Campus Heal” geplangt, sou de Romain Poulles, ee vun de Investisseuren.
“Wou vill méi wirtschaftlech Aktivitéiten am Beräich vun der Medezin vun der Zukunft sech wäerten usidelen. Do kann ee sech virstellen, datt och ganz vill Interaktioune mam Südspidol, wat jo dann och an deenen nächste Jore sech wäert entwéckelen an och mat anere Projeten, déi och schonn ugeduecht sinn, wéi d’Ärztehaus, wéi e Projet mat Nofolgebetten a fir d’Klinik an och vläicht e Lycée technique fir d’professions de la santé.”
De “Campus Heal” soll eng Dosen nei Gebaier ëmfaassen an 120.000 Metercarré Aktivitéitsfläch bidden. Iwwer déi nächst 10 bis 15 Joer soll de Campus dann entstoen. De Masterplang soll Mëtt des Joers fäerdeg sinn an den éischte Bagger Enn vum nächste Joer rullen, esou de Romain Poulles nach.