
Et wier ee sech net mam Architektebüro eens ginn, soen déi eng, et hätt ee keng Beweiser fir dës Behaaptung gesinn déi aner. Beim Prozessoptakt an der Affär Architektebüro Valentiny géint de Schengener Schäfferot wéinst Diffamatioun a géint e Beamte vum technesche Service wéinst illegaler Interessevertriedung goung et an éischter Linn dorëm, wie wat gesot huet.
Am grousse Geriichtssall waren d’Still fir d’Spectateure gutt gefëllt. Nodeems déi ronn 20 Persounen, déi als Zeie gehéiert sollte ginn, de Sall verlooss haten, waren awer just nach 3 Leit iwwreg.
An enger Gemengerotssëtzung de 4. Mee zejoert zu Schengen hat eng Majoritéit vun de Member gestëmmt, dass d’Gemeng sech bei engem vun hire Projete vum Architektebüro “Valentiny Architects” soll trennen. D’Fro, där d’Riichter um éischte Prozessdag nogaange sinn, war, a wéi wäit d’Wierder vum Schäfferot, déi an der Sëtzung an dono an Interviewe gefall sinn, als ruffschiedegend kënne gesi ginn.
Fir d’éischt haten déi deemoleg Member vum Gemengerot als Zeien d’Wuert. Graff kann een dës an zwee Lager andeelen. Fënnef Conseilleren hu geschwat, déi deemools d’Resiliatioun vun de Kontrakter matgestëmmt haten, an déi dräi, déi dogéint waren.
Op där enger Säit heescht et, dëse Punkt um Ordre du jour wier séier duerch gewiescht an net vill diskutéiert ginn. Als Haaptbegrënnung wier gesot ginn, dass ee sech net mam Büro iwwert de Projet eens gi wier. Doriwwer eraus sollt d’Opléise vun der Zesummenaarbecht just dëse Projet concernéieren.
Déi dräi deemoleg Oppositiounspolitiker, déi net matgestëmmt haten, hu sech erënnert, dass fënnef vag Punkte mat Uschëllegungen un engem Ecran gewise gi wieren, wisou een d’Kontrakter wéilt opléisen. Op hiert Nofroen hin an hir Bedenke zu dëse Punkte wier de Buergermeeschter awer net agaangen. Si soten, der Meenung gewiescht ze sinn, net kënnen e Vertrag opzeléisen, deem een ni zougestëmmt hätt.
D’Verdeedegung vum Architektebüro “Valentiny Architects” hat sech da gewonnert, dass de Büro relativ séier schonn e weideren Architektebüro op d’Säit gestallt kritt hätt fir d’Ëmsetzung vum Projet. Hei géing ee sech froen, ob et Zoufall wier, dass et sech ëm de selwechte Büro gehandelt hätt, mat deem den ugeklote Beamten aus dem technesche Service scho bei senger viregter Aarbecht an enger anerer Gemeng zesummegeschafft hätt. Offiziell hat et geheescht, dëse Büro hätt méi Erfarung mam Bau vu Schoulen.
En Dënschdeg de Moie geet et da weider mat der Unhéierung vun den Zeien. Ënner anerem wäert och nach den Architekt François Valentiny aussoen. De Prozess ass op 3 weider Sëtzungsdeeg ugesat.