Ruffschiedegung oder normaalt Virgoen?Architektebüro hëlt Schengener Schäfferot viru Geriicht

Diana Hoffmann
Am Mee zejoert war an enger Gemengerotssëtzung zu Schengen decidéiert ginn, zwee Kontrakter mam Architektebüro Valentiny HVP Architects ze kënnegen.
© RTL Archivbild

Um 15 Auer e Méindeg de Mëtteg fänkt de Prozess um Stater Geriicht un. D’Uklopunkte si Calomnie an Diffamatioun géint de Schengener Buergermeeschter Michel Gloden an déi zwee Schäffen Tom Weber a Jean-Paul Muller. Doriwwer eraus gëtt engem Beamte vum technesche Service illegal Interessevertriedung reprochéiert.

Wei ass et esou wäit komm, dass den Architekt aus der Schengener Gemeng, de François Valentiny, deen iwwer Joerzéngte reegelméisseg mat der Gemeng zesummegeschafft huet, eng Citation directe lancéiert huet?

Den Architektebüro Valentiny HVP Architects war vun der Gemeng Schengen beoptraagt ginn, de PAP fir de Schoulcampus mam Numm Campus Baggerweier auszeschaffen an och eng Sportshal ze bauen. Wuel koum een awer net op e gemeinsamen Nenner, wéi d’Projete sollen ausgesinn. Dat wier normal beim Plange vun engem Projet, hat de François Valentiny sech an engem ëffentleche Bréif erkläert. Et wier een awer schonn am Februar bereet gewiescht, d’Wënsch vun der Gemeng z’akzeptéieren.

Als normal hat d’Majoritéit vum Gemengerot d’Diskussiounen awer wuel net ugesinn an de 4. Mee zejoert bei enger Ofstëmmung majoritär decidéiert, dass een déi zwee Kontrakter mam Architektebüro géing opléisen. Och RTL hat iwwert dës Sëtzung bericht.

D’Aussoen, déi d’Gemengeresponsabel deemools an der Press gemaach haten, huet de François Valentiny als ruffschiedegend empfonnt. An engem ëffentleche Bréif vum 10. Mee zejoert huet de Büro Positioun bezunn. Et heescht, den Architektebüro wier net offiziell vum Gemengerot iwwer d’Intentioun informéiert gewiescht, d’Kontrakter opzeléisen.

De 25. Mee zejoert huet den Architektebüro da matgedeelt, d’Affekotin Lydie Lorang mat der Affär beoptraagt ze hunn. D’Gemeng Schengen wäert vun den Affekote Philippe Penning a Rosario Grasso vertruede sinn.

De Prozess ass op véier Deeg ugesat.

Prozessoptakt Valentiny Architects vs Gemeng Schieren / Reportage Diana Hoffmann

Back to Top
CIM LOGO