Gespléckte MeenungenHuet de Sozialdialog an der Kris funktionéiert oder net?

Maxime Gillen
Wéi verhënnert een, dass no der sanitärer Kris nach eng sozial Kris hannendru kënnt? An huet de Sozialdialog wärend der Pandemie geklappt?

Dat war en Dënschdeg Thema an der Chamber. Wärend d'Oppositioun d'Zesummenaarbecht tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften an de leschte Méint vermësst huet, hunn déi zoustänneg Minister erkläert, wéi dacks a wéi gutt ee sech mat de Sozialpartner ofgestëmmt hätt.

Sozialdialog / Rep. Maxime Gillen

Et wier wichteg, sech elo scho mat de soziale Konsequenze vun der Kris ze beschäftegen an net ze waarden, bis de Chômage effektiv klëmmt, esou den CSV-Deputéierte Marc Spautz. Ausserdeem misst een och Mesuren, déi an de leschte Joren decidéiert goufen, nach eng Kéier op de Leescht huelen a kucken, wéi eng eppes bruecht hunn a wéi eng net. Et wier deemno wichteg, dass ee sech fir eng Tripartite un den Dësch setzt.

Marc Spautz: „Dat bedeit jo net, dass se mussen zu engem Resultat kommen. D'Tripartite huet scho positiv Resultater bruecht. D'Tripartite ass awer och scho gescheitert an dann ass et eleng um Parlament, seng Decisiounen ze huelen. Mä et soll een awer virdrun an am Virfeld an enger Situatioun wéi elo zesumme mat de Sozialpartner alles probéieren, fir dass mir déi Situatioun an de Grëff kréien an dann ass et herno och méi einfach, déi Punkten ëmzesetzen."

Och bei déi Lénk huet een d'Impressioun, dass de Sozialdialog zanter der leschter Kris schwéier lädéiert wier.

Marc Baum:„Och an der Covid-Kris, vum Shutdown duerch déi eenzel Deconfinementsphasen erduerch, sinn d'Gewerkschaften net mat abezu gewiescht. Si sinn zwar eventuell informéiert ginn iwwer Decisiounen, déi d'Regierung geholl huet, eventuell och informéiert ginn, ier d'Press informéiert ginn ass, mä abezu ware se net. An dat, obwuel si jo awer déi d'Interessie vun de Salariéë vertrieden, déi eis mat hirem Courage an hirem Asaz iwwerhaapt mol réischt duerch dës Kris bruecht hunn."

Virwërf, déi den Aarbechtsminister Dan Kersch net gëlle gelooss huet. De Sozialdialog wier wärend der Kris net ausgeschalt gewiescht.

Dan Kersch: „Eng Hellewull vun deene Krisereglementer, déi mir geholl hunn, fir Salariéen ze schützen. Ech schwätzen zum Beispill vum Schutz virum Licenciement wärend dem Etat de crise oder dass mir de Chômage verlängert hunn, fir déi Leit, déi vum Chômage betraff sinn oder dass mir déi Leit, déi am Reklassement sinn, geschützt hunn iwwert déi Règlements de crise. Dat war d'Ergebnis vun enger ganzer Rei vun Diskussiounen, déi mir mat de Sozialpartner och wärend dem Etat de crise gefouert hunn."

De Sozialdialog hätt deemno och an der Kris funktionéiert. De Minister hätt esouguer den Androck gehat, dass méi intensiv a méi oppe mateneen diskutéiert gi wier.

Uganks Juli sollen d'Regierung, d'Patronat an d'Gewerkschaften da fir eng offiziell Tripartite zesumme kommen.

Back to Top
CIM LOGO