Schwindelfräi an onverantwortlech AktiounIllegale Klotergrupp klëmmt Radiomast zu Jonglënster erop

RTL Lëtzebuerg
Just 1 Minutt an 11 Sekonnen dauert de Video - Leit mat Angscht viru groussen Héichte sollten e sech trotzdeem villäicht besser net ukucken.

E User mam Numm “borntoclimbtowers” huet e Sonndeg e Video vun enger illegaler Klammaktioun op engem vun deenen dräi Radiomasten zu Jonglënster eropgelueden. De Video ass aus der Perspektiv vun engem Mann opgeholl, deen den Ament vun der Kloteraktioun warscheinlech eng Zort Body-Cam unhat. Geséchert schéngt dogéint kee vun de Leit am Video ze sinn, an dat obwuel d’Tierm eng 220 Meter héich sinn.

Fir d’éischt gesäit een, wéi de jonke Mann op engem vun den Äerm vum Tuerm bis bei de Bord geet. De staarke Wand bléist ëm duerch d’Jackett. Vun do aus klotert hien op eng Plattform, déi nach e puer Meter méi héich läit a wou schonn e puer aner Leit op de Mann waarden.

Geschwat gëtt am Video net... och Gesiichter si just flüchteg ze erkennen. Dem Uploader säi Reddit-Profil suggeréiert allerdéngs, datt hien aus Däitschland kéint sinn. An de Kommentaren ënnert dem Video behaapt hien ausserdeem, datt zanter 2021 schonn eng 40 Leit den Tuerm eropgeklomme wieren. Hie selwer wier 2021 an 2022 schonn uewe gewiescht.

Och op Instagram an op Tiktok schéngt den Uploader ënnert dem nämmlechten Numm aktiv ze sinn. A senger Instagram-Biografie schreift de Mann, hie wier zanter 2005 an der “Lattice climbing"-Zeen aktiv. Ënnert anerem gesäit een hien do och Elektromasten a Wandrieder eropklammen, deels vermummt mat enger Pabeiertut, fir säi Gesiicht ze verstoppen. Am sougenannten “Lattice climbing” spezialiséieren sech d’Kloterer op Elektromasten, Brécken aus Stol an aner Gitterkonstruktiounen.

Vun der Police gouf et bis ewell nach keng Confirmatioun vun engem Virfall. Kuckt ee sech de Video allerdéngs genee un a vergläicht dëse mat Opname vum Site op Google Maps, erkennt een, datt d’Kloterer warscheinlech de mëttelsten Tuerm fir hir Aventure ausgewielt hunn.

An de Kommentaren ënnert sengem Video behaapt d’Persoun, déi de Video eropgelueden huet, datt den Tuerm, deen si eropgeklomme sinn, een “abandoned self support radio tower” wier. Op Nofro beim Bedreiwer BCE gouf eis confirméiert, datt déi dräi Tierm zu Jonglënster Sendemaste sinn, déi sech just am Noutfall aschalten. Wieren d’Tierm aktiv gewiescht, hätten d’Kloterer dat net iwwerlieft. Ee vun den Äerm uewen um Tuerm wier iwwerdeems viru kuerzem ofgebrach - wier dat geschitt, wou d’Kloterer uewe gewiescht wieren, wiere si bei der Chute warscheinlech ëm d’Liewe komm.

Et kéint een net genee soen, wéini de Video opgeholl gouf, esou d’BCE. Dacks géifen esou Kloterer hir Videoen eréischt Méint méi spéit publizéieren, fir net erwëscht ze ginn. Well et net deen éischte Virfall um securiséierte Site mat de Maste wier, hätt ee mëttlerweil dermat ugefaangen, zousätzlech Iwwerwaachungskameraen a Sécherheetsmesuren ze installéieren.

Back to Top
CIM LOGO