Iwwerbléck SüdenImminent wichtege Bezierk bei de Chamberwalen

Jean-Marc Sturm
De Bezierk Süden ass och déi Kéier imminent wichteg bei de Chamberwalen: et geet mat 23 Sëtz ëm iwwer een Drëttel vun all den Deputéierten.
© RTL-Archivbild

Dëse Bezierk ass zwar kee Garant, d’Walen ze gewannen, et kann ee se awer am Süde verléieren.

Bei de leschte Walen hate mir am Süden dëst Bild

D’Pirate koumen eng éischte Kéier am Süden an d’Chamber eran, déi Gréng kruten och ee Sëtz bäi. LSAP an CSV hunn allebéid ee Mandat hänke gelooss op 6, respektiv 7 Sëtz.

Am Süde waren 20 Deputéiert direkt gewielt. Et bloufen also 3 Reschtsëtz. Do gi sou ze soen déi Stëmmen op de Lëschte verdeelt, déi nom éischte Calcul broochleien. 3 Sëtz, dat mécht ëmmerhi 5% vum Chamberplenum aus. Deen éischten ass 2018 un d’DP gaangen, den zweeten un d’CSV an den drëtten un d’LSAP.

Intressant sinn dës Kéier Matadoren, déi net méi an der Arena sinn. Bei der LSAP ass et zum Beispill den Alex Bodry, dee viru 5 Joer am Süden nach iwwer 10.000 perséinlech Stëmmen an d’Woschuel bruecht hat. Parallel sinn et nei Gesiichter wéi zum Beispill ee Liz Braz oder ee Max Leners bei de Sozialisten.

Bei déi Gréng feelen zwee Zuchpäerd: de Felix Braz aus gesondheetleche Grënn an de Roberto Traversini wéinst sengem Gaardenhaischen. Si kruten 2018 ëmmerhi 17.000 respektiv 11.000 “suffrages nominatifs”.

Bei der CSV geet de Jean-Marie Halsdorf net méi mat am Süden. Hien hat bei de leschte Wale bal 10.000 perséinlech Stëmme kritt.

D’Piraten haten 2018 proportionell gesi bei wäitem déi meeschte Lëschtestëmmen, mat 85% vun alle Stëmmen, déi se am Süde kruten.

Bei der CSV, DP an déi Gréng waren et ëmmerhin eppes iwwer zwee Drëttel vun all hire Stëmmen. Bei der LSAP knapp 60% Lëschtestëmmen.

Viru Joer waren am Total mat ronn 103.000 Wieler theoreetesch bal 2,4 Millioune Stëmmen ze verdeelen. Iwwer 10.000 potentiell Wieler, also 10%, hunn net matgemaach.

Vun de bal 93.000 Bulletinen an den Urne waren der 85.000 valabel. Vu bal zwou Milliounen effektive Stëmme waren der ëm déi 150.000 net verginn, net valabel oder et war ee wäissen Ziedel an d’Urn geheit ginn.

Link: Fannt hei den RTL-Walsite fir d’Chamberwalen.


LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen

Back to Top
CIM LOGO