Wunnen zu LëtzebuergImmobiliëpräisser am Norden ëm 17% am 2. Trimester geklommen

RTL Lëtzebuerg
D’Immobiliepräisser zu Lëtzebuerg klamme weider, wann och net méi grad sou séier, wéi dat mol de Fall war.

Der Immobilië-Plattform atHome no wieren d’Präisser vun ale Wunnengen, déi also scho gebaut sinn, ëm 8,6% am Laf vum 2. Trimester an d’Luucht gaangen. Besonnesch am Norde gouf et eng Hausse vun iwwer 17%. Och am Weste vum Land zéien d’Präisser un. Am Zentrum an am Oste goufen d’Präisser e bëssen ofgebremst, sinn deels souguer gefall.

Bei neien Immobilië gouf et allgemeng eng Hausse vu 6,3%. Lokal ginn et grouss Ënnerscheeder. Am Norde sinn d’Präisser ëm iwwer 24% geklommen, am Zentrum quasi d’selwecht bliwwen.

D’Zënsen op Immobiliëprête ginn och weider an d’Luucht. Ugangs des Joers louche se nach bei 1,4%, Enn Januar bei 1,8% an am Abrëll bei 2,8%. No enger staarker Hausse am Juni hu sech d’Taux fixes op 30 Joer elo am Juli bei 3,5% stabiliséiert.

Bei engem Prêt vun 800.000 Euro op 30 Joer mat engem Taux fixe mécht déi Hausse vun 1,4 op 3,5% e Plus vun 875 Euro méi aus, déi een all Mount muss bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO