Immobiliëgrupp "atHome"Immobiliëpräisser stagnéieren, Zënse klamme vun 1,8% op 2,8%

RTL Lëtzebuerg
D'Zënse klammen, d'Präisser am Logement och. Allerdéngs laang net méi esou staark, wéi nach virun engem Joer.
© Towfiqu Barbhuiya / Unsplash

An engem neie Rapport huet d’Immobilière “atHome” d’Tendenze vum Lëtzebuerger Logementsmarché am 1. Trimester vum Joer analyséiert. Virun allem bei den Zënsen ass e kloren Trend ze gesinn.

D’Präisser klamme méi lues. An de leschte sechs Méint si se ëm just 3 Prozent eropgaangen. An der Period virdru waren et nach 5,8 Prozent. Dëst wier am ganze Land ze erkennen, och wann et regional Ënnerscheeder ginn. Virun allem am Norden an am Oste geet d’Evolutioun vun de Präisser just lues virun.

  • Zentrum: +2,6% (géint +5,2%)
  • Norden: +2,5% (géint +13%)
  • Süden : +4,7% (géint +5,5%)
  • Osten: +2,7% (géint +10,8%)
  • Westen: +3,9% (géint +7,4%)

Gläichzäiteg sinn d’Konstruktiounspräisser awer geklommen, an dat net ze knapps. Tëscht 15 an 20 Prozent, schätzt d’Konstruktionsentreprise Thomas & Piron am Rapport.

Och d’Zënsen op Immobiliëprête klamme schonn zanter Januar. Verstäerkt hätt sech dës Tendenz duerch de Krich an der Ukrain. Am Ufank vum Joer wieren d’Zënse vun 1,4 Prozent op 1,8 Prozent geklommen, ier se am Abrëll op 2,8 Prozent geklomme sinn. Et wier déi éischte Kéier a fënnef Joer, datt déi fix Tauxen esou héich leien. De variabelen Taux läit dogéint nach ëmmer bei 1,4 Prozent.

Back to Top
CIM LOGO