Zemools de staarke Reen am Juli hat fir Schued bei de Leit awer och an eise Gewässer gesuergt. D'Qualitéit vum Waasser huet a ville Gemengen dorënner gelidden.
De Luc Zwank, Directeur adoint vum Waasserwirtschaftsamt erkläert, dass wann et staark reent, aner Offloss-Weeër vum Waasser aktivéiert ginn, soudass de Filter Effekt vum Buedem an dem Gestengs, dem Grondwaasser Leeder, net do ass. Doduerch kënnt ongefiltert Waasser an d'Quellen an doduerch méi Bakterië matbréngt.
Wat heescht dat fir Drénkwaasser? Bei der Sebes war am Juli séier gehandelt ginn. Och an Zukunft ass een am Fall vun esou Katastrophë preparéiert, erkläert de George Kraus, Direkter bei der Sebes.
'Verschidde Quellen, ginn, wann et staark reent, direkt ausser Betrib geholl. Wann d'Sebes dat matkritt, gëtt hir Produktioun direkt eropgeschrauft fir zousätzlecht Waasser ze liwweren. De Moment vun den Iwwerschwemmungen hunn si hir Produktioun ëm 20 bis 30 % eropgesat.
Déi grouss Ree Mass dëst Joer hat awer net onbedéngt eng direkt Auswierkung op eise Grondwaasser Peegel. Dës Reserve kënnen nämlech eigentlech réischt am Hierscht a Wanter nees opgefëllt ginn, an Zäite wou de Reen net vun der Vegetatioun kann opgesaugt ginn an direkt an de Buedem versickert . Anescht, wéi een dat vläicht kéint unhuelen, leeft staarke Reen nëmmen iwwerflächlech of a kann net an de Buedem anzéien.
Trotzdeem kann een dovun ausgoen, datt eis Reserven am Hierscht e bësse méi fréi opgefëllt gi wéi déi Jore virdrun.
De Luc Zwank erkläert: "Mir komme mat méi Fiichtegkeet an den Hierscht eran. Dëst Joer kann een also domadder rechnen, dass d'Recharge vum Grondwaasser éischter kann ufänken."
Wéinst dem Wirtschafts- a Bevëlkerungs Zouwuess mussen an de nächste Joren ëmmer méi Mënsche mat propperem Waasser versuergt ginn.
Op de Grondwaasser Peegel sech trotz Wuesstem a Klimawandel ëmmer rëm erhuele kann ass net virauszegesinn.