
Den Impakt vum dréchene Wieder an dem wéinege Reen op d’Landwirtschaft ass aktuell nach limitéiert, mä regional a souguer lokal ginn en grouss Differenzen an de Kulturen, vu schlecht bis ganz gutt.
An der Landwirtschaft huet d’Kärerecolte ronn eng Woch méi fréi ugefaange wéi am Duerchschnëtt vun de Jore virdrun. Et ass awer ze fäerten, datt de Karschnatz vun der Wantergeescht méi schlecht ausfält wéi am Ufank geduecht. De Kär ass kleng, Stréi gëtt et awer vill.
Dëst Joer hu virun allem d’Summerkären ënnert der Dréchent gelidden an et ass zu irreparabele Schied komm. Duerch dat naasst Fréijoer konnten dës Kulturen eréischt méi spéit ausgeséint ginn an do huet virun allem am Mee an am Juni Reen gefeelt.
De Mais huet och mat der Dréchent ze kämpfen an et weess een nach net, ewéi dëse Wuesstem ausgeet, och wann déi kleng Reeschauere vun de leschte Woche vill gehollef hunn.
Op den déiwe Biedem laanscht d’Musel ginn et bis well keng Problemer bei de Wënzer. Souguer Riewen, déi e puer Joer hannertenee mat Dréchestress geplot sinn, iwwerliewen dat ënner der Konditioun, datt den Ertrag reduzéiert gëtt. Jonk Wéngerte par konter musse bewässert ginn, soss iwwerliewen d’Planzen dat net.
Och bei Uebst a Geméis kënnt de Produzent meeschtens net derlaanscht, aktiv bei Zäite vu méi laanger Dréchent ze netzen. Beim Uebst sinn natierlech och ganz besonnesch déi jonk Beem betraff.