
Ma awer och d’Originne vun de Leit spillen eng Roll. Dat weist d‘Covalux-Etüd vun der Uni.lu iwwert Motivatioun fir sech géint de Coronavirus impfen ze loossen.
D’Etüd Covalux stellt virop fest, datt Bierger mat engem héijen Ausbildungsniveau sech éischter fir d‘Impfung entscheeden. Si hunn an der Etüd gesot, datt et gutt wier iwwer de Virus an och iwwer d‘Vaccinen informéiert ze sinn. D‘Impfbereetschaft hänkt awer och vum Alter of. Méi jonk Leit si vill manner bereet gewiescht, fir sech impfen ze loossen.
Wéi eng Grënn dat huet, erkläert Dr. Anja Leist, Professesch op der Uni Lëtzebuerg: „Während die Menschen in den jüngeren Altersgruppen ja berechtigterweise das individuelle Risiko für sich nicht so hoch fanden und da gab es auch Gründe für die Impfzögerlichkeit, dass auch die jüngeren Menschen lieber warten wollen, bis mehr Menschen geimpft worden sind.“An der Etüd goufen nieft Lëtzebuerger och geziilt Leit mat engem ex-jugoslawesche Migratiounshannergrond befrot. Bei hinne gëtt et eng méi niddreg Impfbereetschaft wéi z.B. bei Leit aus Portugal oder Italien.
Firwat ass dat sou? D‘Dr. Anja Leist: „Und was wir da gefunden haben, ist, dass leider Missinformationen und Verwörungstheorien recht weit verbreitet sind in dieser Bevölkerungsgruppe. Das kann man zum einen ein bisschen damit erklären, dass auch in den Heimatländern die Impfbereitschaft nicht so hoch ist und, dass da auch weniger Vertrauen ist in die Regierung und in das Gesundheitssystem.“
Fir awer kënne jiddereen z'erreeche wier et wichteg d‘Informatioune geziilt un d’Leit ze bréngen a se verständlech opzebereeden. D’Impfcampagne sollt sech do virun allem op déi sozial Medie konzentréieren, well een do déi meeschte Leit einfach erreeche kéint, sou nach d‘Dr. Anja Leist, déi op déi effikass Impfcampagne an der Schwäiz verweist.
